Cathy Clement
|
Sinus Cosinus
|
| Lëtzebuergesch |
Roman fir Jonker |
| Op der Lay 512 |
1998, 128 Säiten |
| ISBN 978-2-87967-055-3 |
8,90 EURO € |
Am Februar 1998 ass dem Cathy Clement säin zweet Buch am Verlag Op der Lay erschéngen. Mëttlerweil ass et e Lëtzebuerger Bestseller. Et liest sech, obschonns et en anert Buch ass, wéi d'Fortsetzung vum éischte Buch Aleng, wat jo dee Risebestseller (bis haut 5. Oploen!) zu Lëtzebuerg gouf. Och hei geet et rëm ëm d'Problemer vun de Jugendlechen zu Lëtzebuerg. E weidert wichtegt Buch, och wann et rëm heiansdo zimlech haard schéngt.
D'Melissa an de Jim sinn zwee Jonker a sinn anenee verléiwt. Mee lues a lues schläicht sech wéi an all Bezéiung och bei deenen Erwuessenen e bëssen Ierger a Langweil an. Fir doraus ze entkommen, wëllt d'Lis méi Ofwiesslung hunn an eppes erliewen. Dobäi kënnt d'Genervs vun den Elteren, an ouni et richteg ze bemierken, verfält hatt ëmmer méi den Drogen. Nodeems et mam Jim scho riwwer ass, verléiert et och nach d'Kand, wat et vum Jim erwaart huet. Eréischt da begräift et, datt dat sou net méi weidergoe kann.
Am Fréijoer 2002 ass en neie Roman, Lene, dës Kéier an däitscher Sprooch, bei Op der Lay erschéngen. Am Summer 2007 ass erëm e Buch op Lëtzebuergesch bei Op der Lay erauskommen: Alles an den Zoo, wat och direkt e Bestseller gouf an elo an der 2. Oplo virläit.
Auszoch aus Sinus Cosinus
- D'Sau kënnt einfach heihinner a seet, 't deet mer jo leed, mee dat gët näischt mat eis, an dann nach mat deem Puppelchen. Eh, ech hun eréischt 19 Joer, ech brauch och méng Fräiheet. Ausserdeem géife méng Elteren dat guer nët zouloossen, dass ech mir mäi Liewe lo géif verschäissen. Si hu mech dach och nët fir näischt groussgezunn. Du muss si och verstoen. A mech. Du däerfs nët ëmmer sou een Egoist sin!
- Oh Gott, dräi Joer, an ech hun hie guer nët kannt. Selbstsüchtege Vull. Léisst d'Sau mech lo einfach hei sëtzen. Dat gët et dach nët. Am Ufank hun ech guer näischt gecheckt an op stur geschalt.
- «Da géi nëmmen!» sot ech, déck haart, mee ech konnt och schlecht dunn ufänke mat pinschen. Mee ech war esou rosen, dat kanns du dir guer nët virstellen!
- Also elo halen ech dee Puppelchen och nët. Ech huele mir direkt ee Rendez-vous. Ech hat mech zwar op dee Klenge gefreet. Mee, et geet nët anescht. Da kréien ech jo ni méi een Tip.
- Ausserdeem deen Owend mam Claude, do as zwar näischt gelaf, nët direkt, mir hun eis gekusst; ok, mee matenee geschlof hu mir nët. Mee ech soen der, et huet gehirlos gutt dedoen. Hien huet sou mëll Lëpsen, mmh, dat packs de nët.
- Mir lungen do am Gras, hun es gefëmmt. Décke Gas! Näischt war méi normal. Endlech konnt ech de Jim a séng Launen an alles, wat mech nervt, vergiessen. Dat war sou cool! Sou gutt hat ech mech well laang nët méi gefillt!
[Dëst Buch kafen] [Aleng] [Lene] [Alles an den Zoo] [Home] [Bicher 1] [Bicher 2] [Bicher 3] [Bicher 4] [Bicher 5] [Bicher 6] [Bicher 7] [Jugendbicher] [Compact Disc]