Henriette Nittel

De Mann aus dem Séi
Der Mann aus dem See
L'homme du lac

Lëtzebuergesch / Deutsch / français e Liewe virum Stau
Fotoe vum Léon Hoffmann
Op der Lay 808 240 Säiten, haard Deckelen,
21x23 cm
ISBN 978-2-87967-175-8 29,90 € (fir ze kafen einfach op de Präis klicken)


D'Henriette Nittel liwwert eis e Portrait vun engem vun deene Leit, déi wéinst dem Stauséi zu Esch-Sauer hu missen an den 1950er Joere hiert Haus am Sauerdall verloossen, well do haut zig Meter Waasser driwwer stinn. De Léon Hoffmann hat säi ganzt Liewen zu Lëltz ënne bei der Sauer verbruecht an du huet et op eemol geheescht, sech en anert Doheem ze sichen. Mat ganz ville Fotoen aus dem Léon Hoffmann senger Privatkollektioun gëtt eng vun deene wichtegste Periode vum Lëtzebuerger Land erëm präsent an et versteet ee sécher och besser, wéi wichteg datt haut dat Stauséigebitt fir Lëtzebuerg ass.

Die Autorin Henriette Nittel portraitiert einen der letzten Bewohner des Sauertals, die in den 1950er ihr Zuhause aufgeben mussten, weil der Stausee bei Esch/Sauer gebaut wurde und deshalb das Tal geflutet wurde. Léon Hoffmann hatte bis dahin sein ganzes Leben in Lultzhausen unten nahe des Sauerufers verbracht und musste sich damals eine neue Heimat suchen. Mit ganz vielen Fotos aus Léon Hoffmanns privater Sammlung wird eines der wichtigsten Kapitel der Entwicklung des Luxemburger Landes aufs Neue präsent und man versteht die Wichtigkeit des Stauseegebiets für Luxemburg sicherlich besser.

Henriette Nittel nous dessine le portrait d'un des derniers habitants de la vallée de la Sûre qui ont dû quitter leur foyer lors de la construction du barrage d'Esch-sur-Sûre dans les années 1950. Léon Hoffmann avait passé sa vie entière à Lultzhausen au bord de la rivière Sûre. Beaucoup de ses photos nous montrent un des chapitres les plus importants de l'histoire contemporaine du Luxembourg et on comprend beaucoup mieux l'importance de ce réservoir d'eau au Nord du Grand-Duché.


Auszuch aus De Mann aus dem Séi vum Henriette Nittel

«Datt d’Waasser vun der Sauer den Ausgankspunkt si sollt, dat war no kuerzer Zäit kloer. Och d’Géigend ëm Esch-Sauer war séier festgeluecht. Et bloufen nach d’Streck vum Waasserlaf an den optimale Standuert vun der Staumauer ze diskutéieren. Dräi verschidde Plaze koumen an déi méi enk Auswiel. Méi wéi eemol gouf beroden an iwwerluecht. Eng Méiglechkeet gouf séier opginn, well de Standuert vum Damm wär no bei der belscher Grenz an d’Waasser géif sech wäit iwwert d’Grenz an d’Belsch era stauen. Dat wollt een hei jo awer net. Dat ganzt Konzept sollt op Lëtzebuerger Territoire begrenzt sinn. D’Ausnotzung vum Kraaftwierk an d’Drénkwaasserversuergung sollt ausschléisslech am Land bleiwen. Déi zwee aner Standuerter waren een iwwert an een ënnert Esch-Sauer. De Standuert ënnendrënner gouf als net recommandéiert fonnt, well ganz Esch-Sauer mat senger Kultur an sengen historesche Monumenter wär ënner Waasser gesat ginn. Blouw also nëmmen nach eng Méiglechkeet, an zwar d’Staumauer direkt uewen iwwert Esch-Sauer ze bauen. D’Waasserquantitéit ënnert Esch-Sauer gouf mat klenge Staudämm reguléiert, fir datt den ënneschte Waasserlaf vun der Sauer engegermoosse konstant bleiwe géif. Fir uewen un Esch-Sauer ze plangen, war op vill Manéieren optimal a sollt sech spéider als dee richtege Standuert erausstellen. D’Wierfel ware gefall. Natierlech goufe mir, nodeems d’Entscheedung vun alle Bedeelegten ofgeseent war, iwwert dee Plang informéiert. D’Meldung huet eis getraff wéi e Schlag. Mir goufe viru fäerdeg Tatsaache gestallt. Déi betraffe Mënschen hunn d’Welt net méi verstanen.»
«Huet da keen eppes gesot oder probéiert, de Projet ze stoppen?», froen ech.
«Dach, mä et huet näischt gedéngt. Et gouf nëmmen zwou Méiglechkeeten, entweeder mat de Bauhären ze verhandelen oder zwangsenteegent ze ginn. Déi eenzeg Alternativ. Mäi Papp zum Beispill sot zu Frënn, eis géintiwwer wollt en et guer net uschwätzen: ‹Mir ass eegal, wat déi hei maache wëllen, mech kréien déi op jidde Fall net lieweg aus mengem Haus. Dat ass ze schwéier fir mech.› Hie sollt recht behalen, well en ass den 3. August 1958 gestuerwen.»
De Léon seet näischt méi a leet eng Foto op den Dësch. «Dat ass déi lescht Foto vun dengem Grousspapp.» E seet näischt méi, wéi ech mer d’Foto ukucken. Ech waarden, bis hee prett ass fir weiderzezielen.


Hei e Beispill, wat mer aus dem Léon Hoffmann senge Fotoe gemaach hunn (lénks d'original Foto a riets d'Foto am Buch):

[D'Buch kafen / Dieses Buch kaufen / acheter ce livre] [Home] [Bicher 6]