Nikos Kazantzakis: Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten

Rate this item
(3 votes)

Sprooch: Lëtzebuergesch
an d'Lëtzebuergescht iwerdroe vum Henri MULLER
Roman

Op der Lay 124

1999, 438 Säiten, gebonnen, mat haarden Deckelen

ISBN 978-2-87967-063-8

26,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kaafen

Den 21. September 2001 gouf den Henry Muller zum Éierebierger vun der Gemeng Roussos Kypriotakis op Kreta ernannt fir seng Verdéngschter ëm d'griichesch Sprooch a besonnesch fir seng Iwersetzung vum Buch «Alexis Zorbas» op Lëtzebuergesch.

Am Juni 2002 gouf den Henry Muller vun der Gemeng Ierpeldeng fir seng Aarbecht op kulturellem Gebitt geéiert.


Alexis Zorbas (gelies: Sorbas), sou heescht die Mann, dien den Nikos Kazantzakis, dien als ee vun diene beschte moderne Schrëftsteller aus Griichenland ugesi gëtt, an d'Weltlitteratur agoe gelooss huet. Säi Buch, dat am Jor 1946 fir d'éischt publizéiert gouf, hat en immens grousse Succès an ass och mam Anthony Quinn an der Haaptroll verfilmt ginn. Och dem Mikis Theodorakis seng Filmmusik ass bis haut an der ganzer Welt bekannt.

En Intellektuellen, dien un der kretescher Fielzeküst e puer Kuelegrouwen exploitéiere wëllt, engagéiert den Alexis Zorbas als Viraarbéchter. Tëschent dienen zwéin entwéckelt sech eng ongewéinlech Frëndschaft. De Patron gesäit am Zorbas säin eegent Ideal, wat e selwer ni erreeche kann, an ass séier vun diem Mann ouni Bildung beandrockt, dësem "wonnerbare Fréisser, Sëffer, Aarbéchter, Fraejeeër a Vagabond", wéi den Nikos Kazantzakis de Zorbas, dien en 1917 kennegeléiert hat, a sengem Bréif un de Greco beschreiwt. De Zorbas schaimt vu Liewen an ass souzesoen d'Géigestéck zum intellektuelle "Pobeierfrësser".

De Professer Henri Muller, die sougutt am Al- wéi am Neigriicheschem doheem ass, huet dëse Roman an d'Lëtzebuergescht iwerdron, andiems e besonnesch och op dat Typescht an eiser Sprooch Wäert geluecht huet. Et ass eng ganz eegen Iwersetzong, well en Dem Alexis Zorbas säi Liewen a séng Uluechten (Vios kai Politeia tu Alexi Zorbà) direkt aus dem neigriicheschem Original an d'Lëtzebuergescht gesat huet. Den Henri Muller bréngt et domadder fäerdeg, datt dat Wierk vun der Weltlitteratur och ee Stéck vun eiser eegener Litteratur gouf.

Weider Rezensiounen:

Die luxemburgische Übertragung ist dabei ein Kunstwerk an sich. In die Sprache sind Wörter eingeflossen, die heute kaum noch gebraucht werden und auch die Benutzung des kaum noch gebräuchlichen Imperfekts lässt das Lesen dieses Werkes zu einem bereichernden Erlebnis werden. (Tageblatt)

Dans sa traduction à partir du grec moderne, Monsieur Muller a su démontrer que le luxembourgeois est tout à fait apte à refléter toutes les nuances et les facettes d'une oeuvre de ce calibre et d'une langue aussi riche que la grecque. (Luxemburger Wort)

Dem Beispiel von Nikos Kazantzakis folgend, hat auch der Luxemburger manchmal Ausdrücke gewählt, die nicht unbedingt gängig sind. "Et sin extra Wierder", erklärt der 86jährige verschmitzt. Selbstverständlich will Henri Muller derart das Verständis seines Textes nicht erschweren, ganz im Gegenteil, er möchte nur möglichst nah am Original bleiben und das Luxemburgische als Sprache aufwerten. "Mir hu vill méi Wierder wéi mir mengen, mir mussen se jhust gebrauchen", so Muller.(Revue)

De Sujet dervun as fascinant, interesséiert och de Mann vun der Strooss, gët d'Atmosphär vu Kreta erëm, bréngt philosophesch Meditatiounen a sou liichter Form, datt och de manner Kultivéierte se versteet, esou wäit wéi déi linguistesch Problemer geléist sin. (Gréngespoun)

Säi Wëllen a seng Décidéierheet, d'Sprooch maximal anzesetzen an alles aus hir erauszehuelen, wat un hir eegen ass, typesch, ongewinnt, bosseg, markant, awer och nei an innovativ, mécht sech iwwert méi wéi 400 Säiten ewech déckeg bezuelt: den Henri Muller schreift an enger Sprooch, déi mat hirer Villsäitegkeet a Variatiounsfreedegkeet de Lieser erstaunt an him a kompriméierter Form de ganze Spektrum vun de spoochleche Méiglechkeeten, de ganze Räichtom vun der Sprooch virféiert. (Guy Berg am GréngeSpoun 8.10.1999)


Auszoch äus
Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten:

I

Ech hun e fir d'éischt begéint am Pireus. Ech wor dorower gaang op den Hafen, fir d'Schëff fir op Kreta ze huelen. Et wor esou géint de Mueren. Et wor reenesch. En uerge Sirocco huet de klenge Café mat Mierwaasser besprutzt. D'Fënsterdire woren zou, an esou huet d'Loft dobannen no stéckzege Mënschenemanatiounen an no Spatzelfeistéi geroch. Dobäusse wor et kal; duerfir woren d'Fënstere vum Otem ugelaf. Fënnef or sechs Matrousen, déi d'Nuecht iwer opbliwe woren, souzen do an hire Kleedercher, äus Butschenhoer gestréckt, Kaffi a Spatzelfeistéi ze schluppen an duurch déi dräi Fënsteren op d'Mier eräuszekucken.
D'Fësch, déi de Sturem mat sengem freechléchem Geramouers an den Tommel bruecht hat, hate sech an déi méi roueg Déifte vum Mier verfuusst, fir elo ënnen ze waarden, bis datt d'Welt elei uewen hiren Äifer geluecht hätt; durobber hun och d'Fëscherte gewaart, déi sech an de Caféën hannerwands gemeet hate bis datt die benzegen Duurcherneen dobäusse géif ophalen, d'Fësch ausgefaart hätten, nees uewen op d'Waasser kéimen an erëm géiwen ubäissen. D'Zollen, d'Draachekäpp an d'Räe koumen ewell erëm vun hirer Nuetspromenad fir sech un d'Antompen ze gin. Et gouf Dag.
D'Fënsterdir gong elo op: E stuppegen Docker mat brongem Gesiicht koum eran, d'Féiss plakeg, näischt om Kapp a voller Knascht.
– Hei elei, de Kostandis! jäut en ale Mierwollef mat enger himmelbloer Patatuka un. A wéi as et dann alt, hê!
De Kostandis huet gespaut vun Äifer.
– Pëh! Wéi soll et mer sin? bäisst en ëm duer. Gudde Moien, Bistro! Gudden Owend, heiheem! Gudde Moien, Bistro! Gudden Owend, heiheem. Sou as mäi Liewen. Näischt ze schaffen.
E puer hun der gelaacht, anerer hun de Kapp gerëselt a geknoutert.
– Mam Liewen as ee gestrooft esou laang ewéi een do as, sot ee mat engem Schnutz, die seng Philosophie beim Karagiozis stodéiert hat. 'T as een dermadder gehäit esou laang ewéi een op der Welt as. 'T as eng Knaschterei.
En duusse, bloëlzeg-gringe Schäi loug iwert den onproppere Fënsterglieser, koum eran an de Bistro, hong sech un d'Hänn, d'Nuesen an d'Stiren a sprong an d'Feierplaz am Eck, wou en d'Fläsche gedon huet glënneren. D'elektresch Lute gouwe blatzeg, an dunn huet de Patron, nach hallef am Schlof, mat der Hand duer gereecht a s'äusgedréint.
En Ament blouf alles stëll. Ewell alles hat ugefaang eräuszekucken an de bronkegen, sabbelegen Dag eran. 'T huet een d'Gedäischs vun de Walen héieren, déi dobäussen opgeschlo sin, iwerdiems wou bannen am Bistro d'Nargileë geguurgelt hun.
Du souert den ale Mierwollef:
– Oh mei, wou soll de Kapitän Demonis nëmmen dru sin? Eiser Härgott stéi ëm bäi!
En huet wëll op d'Mier gestuurkt.
– Fi nach emol, du al Zatz, déi d'Stéit vunenee rappt!
Sou grommelt en an nabbelt sech um Schnutz.
'T wor mer kal am Eck, wou ech souz. Du bestellen ech mäin zweete Spatzelfeistéi. Ech wor no drun anzenäipen. Ech hu mech gewiert géint de Schlof, géint d'Middheet a géint d'Ellekeet vum fréiem Mueren. Duurch d'ugelafe Karoë vun der Fënster hun ech d'Ae laangeg geriicht op den Hafen, die sou lues a lues wakereg gouf a wou d'Schëffssirene gebirelt, d'Jabele gerabbelt an d'Schëffsleit gejäut hun. Ech kucken an ech kucken, an en heemleche Filé vu mir, Reen an Äddi-Gefiller hale mer d'Häerz gefaang.
Meng Aen hate sech elo festgepëtzt un d'schwaarz Nues vun engem groussem Dampschëff vis-à-vis, wuervun datt de Bäuch nach an der Däischtert loug. Et wor nach amgaang ze reenen, an d'Reenfisemen hun d'Luucht un de Buedem gestréckt.
Ewéi ech esou dat schwaarzt Schëff an d'Schieden an de Reen bekuckt hun, dunn huet meng Driibsegkeet no an no sech méi nett personifizéiert; d'Erënneronge koumen erop an hu sech an der naasser Loft materialiséiert; hannen um Enn krute se d'Gesiicht vu mengem léiwem Frënd, gemeet äus Reen a Verlaangeren. Wéini wor et nëmmen? D'lescht Jor? An engem anerem Liewen? Gëscht? Diemools wor ech och op dien eleiten Hafen erofkomm, Wr diem Frënd elo Awar ze son. Ech erënnere mech nach, datt et grad ewéi elo gutt kal wor an datt et och um Ufank vum Dag wor. Diemools hat ech och d'Häerz déck, sou wéi elo.