Jean-Paul Hurt: E Liewensulaf

Évaluer cet élément
(24 Votes)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Biographesch-Historesches 1937-1967

Op der Lay 818

2016, 272 Säiten, haard Deckelen,
17,5x24,5 cm

ISBN 978-2-87967-210-6

29 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Wéi war dat fréier? Am Krich an dono an den 1950er an 1960er Joeren? D'Jugend, de Kolléisch, d'Uni, d'Stagezäit fir Proff – an natierlech och d'Gefiller … 
De Jean-Paul Hurt liwwert eis e ganz perséinlecht Bild vu sengem "Liewensulaf". Zwar stoungen traumatesch Erliefnisser am Zesummenhang mam 2. Weltkrich an dem fréien Doud vun enger aussergewéinlecher Fra engem normal-gléckleche Verlaf vun dësem Liewensalter am Wee (dohir den „Ulaf“). Trotzdem wäert munchereen zum Deel seng eege Jugenderfahrungen am Jemmy sengem Buch erëmfannen.

De Jean-Paul Hurt schreiwt am Virwuert:
Wann een dat vun den eegene Kanner am Zesummenhang mam Zweete Weltkrich a mat der Nokrichszäit ze héiere kritt, wëllt ee sech mol selwer iwwert déi Zäit méi bewosst ginn. Ons Generatioun hat nun eemol an deene Joren e Liewen, dat a krassem Géigesaz zu onser heiteger Wuelstandsgesellschaft steet, an et ass dat, wat déi jénger Generatioune sech nach kaum virstelle kënnen, wann déi lescht Zäitzeien et hinnen net méi anschaulech maachen. Virausgesat, si interesséieren sech duerfir, wat bei villen de Fall ass. Wéi soss soll ee sech déi Tatsaach erklären, datt permanent Televisiouns- a Radiosendungen, Filmer a Bicher iwwert d’Krichs- an d’Nokrichszäit erauskommen, wa keen Interessi doru bestoe géif ?

Duerfir hunn ech gemengt, datt ech och eppes ze erzielen hätt, well meng ganz Jugend, an dorënner verstinn ech eben déi Joren 1937 bis 1967, gouf vun Erliefnesser geprägt, déi direkt oder indirekt mam Zweete Weltkrich zesummenhänken. Wéi ech dunn nach Abléck an d’Archive vun der Kollaboratioun an do d’Epuratiounsdossiere vu mengen Elteren zu Gesiicht krut, konnt ech meng Erënnerunge mat deene Quellen ergänzen a richtegstellen. Dat huet mer ëmsou interessanter geschéngt, well jo grad an dësem Moment zu Lëtzebuerg d’Geschicht vun der Kollaboratioun ufänkt, wëssenschaftlech opgeschafft ze ginn.

Ech wollt awer net nëmmen dat Aussergewéinlecht aus mengem „Liewensulaf” festhalen, mee och dat Normaalt, dat Alldeeglecht, eben „wéi mir gelieft hunn”, an der Famill, an der Schoul, an der Fräizäit, a mat wéi wéineg mer dacks hu missen zefridde sinn an och waren, well dora läit jo zum groussen Deel de Kontrast zu onser heiteger Konsumgesellschaft.

 


Auszuch aus E Liewensulaf

Ze spiere krut ech awer ëmmer méi, datt mäi Papp „preisesch” am Krich war an datt ech e Jong vun engem Gielemännche war.

Dat wor virun allem de Fall, wann ech op d’Gaass, dat heescht an d’Lou­vig­nysgaass, spille goung. Deemools war dat nach eng richteg Geschäfts- a Wunn­strooss. Ënnen an den Haiser waren d’Butteker an d’Betriber an op de Stäck driwwer hunn d’Leit gewunnt. A bei schéinem Wieder hunn d’Leit „an de Fënstere geleeën” oder mat Still op den Trottoire gesiess a sech mat­eneen ënnerhalen. Mir Bouwen hunn an der Strooss Foussball gespillt. Schonn eleng, well ech nei an der Gaass war, gouf ech op d’Prouf gestallt an opge­zunn. Dobäi koum, datt d’Noperen an hir Kanner méi oder wéineger iwwert meng Situatioun als Jong vun engem Gielemännchen Bescheed woussten. Fir ze ermoossen, wat dat deemools, just nom Krich bedeit huet, muss een sech, souwäit dat haut iwwerhaapt nach méiglech ass, an de Geescht vun där Zäit versetzen. Verständlecherweis huet no der Naziënnerdréckung de Patriotis­mus héich Welle geschloen, grad och bei deenen, déi net esou direkt ënner der Naziherrschaft ze leiden haten. Praktesch jidderee war op eemol e Patriot, e Re­sistenzler, en Nazifeind, an den Haass huet sech op all déi entlueden, vun deene gesot gouf, si wären am Krich preisesch gewiescht. Do gouf den een­zelne Fall net ënnersicht, et goung duer, datt e vage Verdacht op ee gefall ass, a scho war een e schwaarzt Schof. Dat heescht, onsereen huet stänneg an der Angscht gelieft: Wat wëssen se vun dir, wat denken se vun dir, a virun allem, wat hunn se mat der vir? Weisen se mam Fanger op dech, soen se weider, wat se vun der wëssen, schléissen se dech aus, maachen se de Geck mat der, fänken se dech a schloen se dech, well och dat koum méi wéi eemol vir. Eemol gouf ech vun e puer Gaassebouwen aus dem Pafendall verfollegt; do hunn deemools déi sozial Fäll gewunnt, oder, wéi gesot gouf, de Pak. Obschonns ech ëm mäi Liewe gelaf sinn, hu se mech erëmkritt, brutal op de Buedem gehäit an sech op meng Äerm a Been geknéit. Ech hu gefaart, ech krit den Doudstreech, hat mech schonn opginn, mee de Chef vun der Band, e berüchtegte Kläpper, huet aus der Déift vu senger Broscht an Nues eng Schnuddel gezunn, eng „Spidols mat Unhänger”, wéi mer déi deemools genannt hunn, an huet mer „nëmme” riicht an d’Gesiicht gerotzt. War dat en Zeeche vu Veruechtung fir de Preiss?

De Patriotismus huet héich Welle geschloen, wéi gesot, an ech hunn, fir net anescht ze sinn ewéi déi aner, an och aus echter Iwwerzeegung matgemaach, wou et nëmme goung. Sou si mer praktesch all Dag e puer Mol bei de Palais gezunn an hunn d’groussherzoglech Famill op de Balcon geruff. Fir d’éischt d’ Grand-Duchesse, dann de Prënz Félix, dann de Prënz Jang an de Charel, duer­no all d’Prinzessinnen, an zum Schluss hu mer skandéiert: „Alleguer, al­le­guer, alleguer!” bis d’ganz Famill zesummen op de Balcon koum. All Kéier sinn se mat engem begeeschterte „Vive” begréisst ginn, dee crescendo a richteg Ova­tiounen iwwergaangen ass. Eng Kéier stoung ech niewent engem Pafendaller. Wéi deen de Prënz Jang, deen sech no fënnef Jor Krich natierlech verännert hat (ënner anerem hat hien e Schnurres oder eng Schnuddelbrems, wéi mir dat ge­nannt hunn), zu Gesiicht krut, huet d’Begeeschterung sech bei him mat dësem kräftege Sproch Loft gemaach: „Himmelnondidjö, do leck dach ee mech am Aasch, huet d’ Sau och nach e Schnauz! ” Et muss ee soen, dee jonke Prënz huet a senger Uniform vun den Irish Guards net schlecht ausgesinn, a sou däerft de Pafendaller eng gewësse Vox populi zum Ausdrock bruecht hunn.

Déi direkt Nokrichszäit war iwwerhaapt, vu menger eegener Onsécher­heet ofgesinn, eng opreegend Zäit, vun där mir Kanner besonnesch faszinéiert waren.