Renée Weber: Den Hu an dat klengt Gespenst

Évaluer cet élément
(14 Votes)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch

faarweg illustréiert vum Renée Weber

Op der Lay 557
2017, 32 Säiten, 21x21 cm, haard Deckelen

ISBN 978-2-87967-229-8

17,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Et ass däischter ginn am Bësch an domat ass den Hu, en Uhu, lo mol grad er­wächt a mécht sech mat sengem Gejäiz bei aneren Déier, déi nuets schlofe wëllen, awer guer keng Frënn. Dofir flitt hien en Tour bei dat aalt Schlass, wou hien e klengt Gespenst begéint, wat sech bei enger aler Ritterrüstung just langweilt. Dofir wëllt et mam Hu zesummen an d’Nuecht fléien, an dat klengt Gespenst huet sou villes an der Welt nach ni gesinn a scho guer net vun uewen.
Mä wat dat klengt Gespenst besonnesch kann, weist et méi spéit, wéi et awer ganz opreegend gëtt. Méi wëlle mer awer elo net verroden!

D’Renée Weber schreiwt net nëmme Geschichte fir Kanner, mä et illustréiert se och selwer a seng Kannerbicher kennen zu Lëtzebuerg e grousse Succès: d’Ann Spann, de Willi Wull, d’Muhna Lisa, de Bom­mel, de Bopi Néckel, de Klenge Felix (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2009) an Eng Maus am Haus (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2016).


 


Auszoch aus Den Hu an dat klengt Gespenst: