Op der Lay Bicher & Musek
Op der Lay • Bicher & Musek gouf 1993 vum Renée Weber a Robert Gollo Steffen als Verlagsgesellschaft gegrënnt, mä déi éischt Bicher vun deem Verlag si schonn zënter 1987 erschéngen.
Vun 2004 un huet sech d‘Renée Weber méi op d‘Schreiwen an Illustréiere vu Kannerbicher konzentréiert an dowéinst sinn d‘Doris an de Jean-Marc Bintner als Partner am Verlag dobäikomm.
Op der Lay gëtt haaptsächlech Bicher an neierdéngs och eBooks an de Beräicher Literatur, Kriminalroman, Kannerbuch, Jugendbuch, Theater a Monographie eraus.
Derniewent si bei Op der Lay awer och eng Rei Musikproduktiounen an eng Anthologie vun jonken Autoren op CD erauskomm.
Neiegkeeten vun Op der Lay
eBooks vun Op der Lay
Op der Lay hutt mëttlerweil iwwer 30 elektronesch Bicher am Programm. Am Moment si se op Amazon Kindle an Apple iBooks verfügbar, mä mir sinn amgaang eis Offer auszebauen op och aner eBook-Reader. Kuckt an eis Lëscht eran.
Méi liesen...Gitt Fan op Facebook vun Op der Lay!
Sprache: Deutsch
Sprooch: Lëtzebuergesch
