An wei engem Format ass d'Muhna Lisa verfügbar?

D'interaktiivt Kannerbuch "Muhna Lisa" as nëmmen fir d'iBooks App um Apple iPhone, iPod touch an iPad verfügbar.

Funktionéiert et och op mengem aalen iPad 1 oder iPhone 3GS?

Technesch Viraussetzungen sinn keng ginn, alles wat der um iPhone/iPad braucht ass d'iBooks-App déi dir gratis am AppStore eroflueden kënnt.
https://itunes.apple.com/lu/app/ibooks/id364709193?mt=8

Dës ass fir Geräter ab iOS 5.
Falls et Problemer mat neien Funktiounen gëtt, wei z.B. Animatiounen duerch Neigungssensorik, roden mer iech derzou, ären iPhone/iPad op iOS 6 upzedaten.
Net vergiessen och d'iBooks-App op den neisten Stand ze bréngen.

Leeft d'Buch korrekt op Jailbreak-Geräter?

Mir kënnen keng Garantie ginn, ob et op iPhones/iPads mat Jailbreak funktionéiert wei op eisen Testgeräter, di all iOS 6 an di aktuellsten iBooks-App installéiert hunn.