Mir bidden Iech fir eng Bestellung bei eis 2 Méiglechkeeten un:

1. Am einfachsten an am séierste geet elo iwwer eisen neien Online-Shop
www.opderlay.lu
Oppassen: Bei Bestellungen ënner 19 Euro musst Dir 2 € fir de Porto bezuelen. Doriwwer ass den Transport gratis, bei 2 Artikele kascht deen dann also normalerweis näischt.

2. Bestelle kënnt Dir och bei eis, andeems Der déi respektiv Zomm op eise
Postscheckkonto IBAN LU08 1111 1118 7433 0000 (BIC/SWIFT-Code: CCPLLULL)
iwwerweist an op Ärem Virement oder Versement ugitt, wat Dir bestellt.
Oppassen: Bei Bestellungen ënner 19 Euro musst Dir 2 € méi fir de Porto iwwerweisen. Doriwwer ass den Transport gratis.
D'Buch/Bicher oder de Compact Disc bréngt d'Post Iech dann e puer Deeg méi spéit an d'Haus. Dobäi fannt Der dann och eng acquittéiert Rechnung.

Wiem dat ze laang dauert, kann och an enger gudder Librairie hei am Land nofroen, wou meeschtens déi aktuell Bicher aus eisem Verlag op Lager sinn.

Wann Dir nach weider Informatioune braucht, z.B. iwwert eis Kannerbicher als Schoullektür, sti mir Iech gär Ried an Äntwert.

Dir erreecht eis iwwer

Telefon 83 97 42

Fax 89 93 50

E-mail Dit e-mailadres wordt beveiligd tegen spambots. JavaScript dient ingeschakeld te zijn om het te bekijken.

an zu L-9650 Esch/Sauer, Eschduerferstrooss 25.