Wat si Cookies?

Ganz kuerz: Cookies sinn kleng Dateien, di am Browser gespäichert ginn an zur Archivéierung vun Informatiounen déngen.
Méi bei wikipedia

Wéi eng Cookies benotzt den Site opderlay.lu?

Mir sammelen keng anonym Benotzerdaten per Cookie, wei et z.B. bei Google Analytics de Fall ass.

Eisen Content Management System (kuerz: CMS) Joomla! muss e puer Cookies am Browser späicheren, di är Sessioun op opderlay.lu ze späicheren, déi zum Beispill do sinn, fir är Sprooche-Selektioun ze späicheren.

U sech sinn di Cookies déi dir vun Op der Lay kritt, vum Joomla!-System an net wierklech relevant fir spéider Visite. (Et gëtt keen Login oder soss Astellungen di missten gespäichert ginn) Dir kënnt se och no der Visite vun opderlay.lu rëm aus dem Browser läschen.

Wat ass matt den sozialen Netzwierker?

Well mir Plugins wéi den "Like"-Button vun Facebook benotzen, awer och Knäppercher vun Twitter a Google Plus ze fannen sinn, kann et sinn dass dës sozial Netzwierker hier Cookies an ärem Browser plazéieren. Och dës kënnt der an den Browser- oder Verlaafs-Astellungen läschen, si hunn awer näischt mam Site opderlay.lu ze dinn. Dës späicheren z.B. ären Login op Facebook, wann dir een Benotzer vun deem Netzwierk sidd.