Roland Meyer: Muedebëtzeg

Dësen Artikel bewerten:
(41 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Roman
Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

Op der Lay 167

2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

ISBN 978-2-87967-178-9

14,90 €


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Fir den Amazon Kindle kaafen

Muedebëtzeg - Roland Meyer & Robert Gollo Steffen

De Roland Meyer ass sécher de Lieser vu ganz ville Bicher vun Op der Lay als Kannerbuch- oder Jugendbuchautor bekannt. Mä hien huet och Kabaretstexter fir Erwuessener geschriwwen. Muedebëtzeg, wat Op der Lay elo erausginn huet, ass weder dat eent nach dat anert: Et ass e literarescht Buch fir Erwuessener vum Roland Meyer, also net fir Jonker. A mat Kabaretstexter huet et héchstens eppes Gesellschaftskritesches gemeinsam. Et ass e moderne Roman op Lëtzebuergesch, wéi et der eigentlech méi misst ginn. Dat hu sech och ganz vill Lieser fonnt, well dëst Buch och elo schonn an 2. Oplo virläit.
De Paul ass en erfollegräichen Architekt, deen tëschent Lëtzebuerg a Cannes souzesoen hin an hier pendelt. Mat 52 Joer kuckt hien zréck op säi Liewe mam Laura, wat en zu Bréissel op der Uni deemols kennegeléiert hat. Wat säi Liewen awer a leschter Zäit méi intressant gemaach huet, war d'Bekanntschaft mam Isabel, wouraus sech eng sexuell Relatioun mat dëser jonker Architektin entwéckelt. Dëst Verhältnes schéngt dem Isabel an dem Paul ze notzen an deen intresséiert sech manner fir seng Fra, bis e gewuer gëtt, datt d'Laura Broschtkriibs huet. Ëmmer méi gëtt et fir de Paul kloer, datt alles "muedebëtzeg" gëtt.

Muedebëtzeg ass mam Lëtzebuerger Buchpräis 2012 an der Spart «Literatur» ausgezeechent ginn.

De Roland Meyer ass am Beräich Jugendbuch hei am Land sécher e Bestseller-Auteur. Seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) goufen direkt begeeschtert opgeholl. Duerno huet en awer och mat engem Kannerbuch fir erwuesse Leit Den décken dommen Dudu (2. Oplo) e Risebestseller geland, dono koum an och op Däitsch huet sech Mission Geheimer Stollen als spannend Buch bei ganz ville Lieser erëmgeschwat. 2007 ass Mango Panda erschéngen an am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.


Auszuch aus Muedebëtzeg:

«Really achieving your childhood dreams.» Mat 25 wousst hien, datt hien ni géing beim FC Barcelona oder Arsenal London Football spillen. Hie wousst och, datt hien net géing zesumme mam Eric Clapton, Jeff Beck an Jimmy Page an enger neier Supergroup Gitar spillen. D'Liewe war op eemol kee Spill méi. Iergendwann weess een dat, wann een erwuesse gëtt. Beim Paul war dat mat 25 Joer zimlech spéit, huet hie laang gemengt. Haut mengt hien, wann hie Männer vu 25 Joer bekuckt, datt hie fréi ugewiescht wier. Mä mat 25 war et bei him esou wäit, dat ass eng Tatsaach, hie wousst, datt hie säi Liewe géing am Mëttelmooss verbréngen, an dee Gedanken huet hien emol net besonnesch erféiert.
Do hat hie schonns d'Laura bestuet, do war hie fäerdeg mat der Uni, do war den Tom ënnerwee. Alles immens fréi, wéi hien haut weess, mä dat war deemools, fréier, eben esou. A fir hien a fir d'Laura war dat alles ganz normal, well et war hir Realitéit, et war hiert Liewen, a si hunn allebéid gemengt, si hätten dat esou gewollt.
De Paul war Architekt ginn. Hie wollt bauen, eppes opbauen, eppes schafen, eppes leeschten. An et sollt eppes ginn, wat ee kënnt gesinn, eppes Siichtbares, eppes Zolittes, eppes, wat et och an 30, 50 Joer nach gëtt. Hie wollt Haiser bauen, Residenzen, hie wollt Famillen en Daach iwwer dem Kapp ginn, hie wollt hinne Raim fir hir Iddien, hir Wënsch, fir hiert Liewe ginn. Hie war frou, Architekt ze sinn, well dat hat fir hien e Wäert, deen iwwer d'Sue verdéngen erausgaangen ass.
D'Laura huet hien op der Uni zu Bréissel kennegeléiert. Hatt huet Mathematik studéiert. Si hunn direkt gemierkt, datt dat gutt passt, Mathematik an Architektur. Si hu schonns gesinn, datt si géingen e gemeinsame Büro opmaachen. De Paul géing plangen, d'Laura géing rechnen, berechnen; eben all déi schéin Iddien, déi ee fréier esou hat. Si hunn heiansdo selwer missten iwwer hir Begeeschterung laachen, mä si ware sech iewer sécher, dat alles ze packen, dat alles ze realiséieren. An de Grond, deen hinnen déi Sécherheet ginn huet, war, datt si et waren, déi déi Iddien haten. Et ware jo net déi aner, et ware si. A si ware staark, zesummen, si hu gespuert, datt si anescht ware wéi déi aner, si hu gespuert, datt si zesummegepasst hunn, an datt si, wa si sech géingen zesummendoen, hir Ziler kënnte realiséieren. De Grond vun där Iwwerzeegung ware si selwer. Déi aner waren anescht, si ware gemaach, fir esou ee Liewen ze packen. Haut rëselt de Paul just nach de Kapp, wann en dorunner denkt.
Si hunn ugefaangen zesummenzebleiwen, si hu sech en Appartement geholl, si wollten zesumme liewen. Si sinn net méi all Owes erausgaangen, si soutzen zesummen an hunn iwwer hir Zukunft geschwat, jo si hunn ugefaangen an hirer Zukunft ze liewen. Si hu wéinst hirer Zukunft hire Präsens vernoléissegt, hir Kollegen hu si net méi ugeruff, net méi agelueden, fir näischt méi gefrot, si si sech duergaangen. Déi aner waren anescht, a si ware besser. De Paul ass heiansdo erféiert, wann hien dat geduecht huet, mä en huet et geduecht, an en huet et gegleeft. An d'Laura huet et och gegleeft.
Si waren nach zu Bréissel an der Schoul, mä a Gedanken hate si sech schonns an hirem neie Liewen doheem ageriicht: ee Büro mat villen Opdräg, mat vill Suen, mat engem eegene schéinen Haus, a mat Kanner.
Dat war esou, deemools, fréier. Wéi ee riichte Wee huet hiert Liewen an déi Richtung gewisen, an op eemol huet vun deenen zwee sech kee méi getraut, aner Virschléi, aner Iddien, oder aner Wënsch auszeschwätzen, well déi hätte si kënne vun deem Wee ofbréngen. Dat wollte si net, dat hu si gefaart. Esou ass hir Welt ëmmer méi kleng, méi enk ginn.

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro