Roland Meyer: Roughmix

Dësen Artikel bewerten:
(63 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Roman

nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

Servais-Präis 2015

Op der Lay 175

2014, 320 Säiten

ISBN 978-2-87967-197-0

16,90 €


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Als eBook fir den Amazon Kindle kaafen

All d'Lieser vu sengem Bestsellerroman Muedebëtzeg (3. Oplo!) waarde sécher op schonn deen neie Roman, deen elo ënner dem Titel Roughmix (ausgeschwat: Raffmiks) virläit.

«Wa Muedebëtzeg de Blues war, sou ass Roughmix pure Punk», sou de Roland Meyer iwwer säin neit Buch, dat grad wéi Muedebëtzeg beweist, datt am Lëtzebuergeschen och modern Literatur ouni Weideres méiglech ass.
Wéi den (engleschen!) Titel et scho seet, ass et e graffen a raue Mix wéi an der moderner Rockmusek iwwert d‘Liewe vun de Memberen an d‘Frënn/Frëndinne vun enger Museksband, déi op hiert Liewen zréckkucken, vu groussen Dreem an engem klenge Land, vun Ausbréch aus dem normale Liewen voller Virurteeler, awer och voller Iwwerraschungen. Sou spillt eis de Roland Meyer a sengen Tracks d‘Liewe vu senge Protagonisten vir a léisst d‘Irmine gläich vun Ufank u soen: „D’Liewen u sech ass net dat, wat mir zu Lëtzebuerg zanter eiser Kandheet als d’Liewe kenne geléiert hunn, Sécherheet, Gesondheet, Wuelstand, dat ass d’Ausnam. De Bléck vu bausse schäerft d’Bild, dat s de der méchs.“

De Roland Meyer ass am Beräich Jugendbuch hei am Land sécher e Bestseller-Auteur. Seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) goufen direkt begeeschtert opgeholl. Duerno huet en awer och mat engem Kannerbuch fir erwuesse Leit Den décken dommen Dudu (3. Oplo) e Risebestseller geland, dono koum an och op Däitsch huet sech Mission Geheimer Stollen als spannend Buch bei ganz ville Lieser erëmgeschwat. 2007 ass Mango Panda erschéngen an am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.


Auszuch aus Roughmix:

Mäin eenzege Gedanken an deem Moment war natier­lech d’Fro, ob de Luc dem Alice d’Wouerecht iwwer eis gemeinsam Nuecht verzielt hat. Zu Ärer Enttäuschung muss ech gestoen, datt ech dat ni erausfonnt hunn.
Vun Thailand aus sinn ech direkt an eist Apparte­ment op Bandol geflunn an do hunn ech zwou Saache ge­maach: Éischtens, ech hu mech vum Pierre scheede ge­looss. Nodeems déi schwéierfälleg Prozedur zimlech zéi ugelaf war, virun allem wéinst dem Pierre sengem stu­ren, publicity gäilen Affekot, deen eis ëmmer nees wollt géinteneen ophetzen, si mir eis ganz féx eens ginn: Ech hunn dem Pierre alles gelooss, dat ass am einfachs­ten an am séierste gaang; wollt just d’Appartement zu Ban­dol, well ech am Moment ­näischt anescht hat, an all Mount 4000 Euro, wat mir bei senger Ministeschpai net iwwer­driwwe virkomm ass. Hie war och direkt aver­sta­nen. Mir hunn eis ëmmer nach blann verstanen! Ech kom­men och geschwënn nach eng Kéier op de Pierre zréck, keng Angscht, ­hien ass wierk­lech e gudde Frënd.
Mä ech muss elo weiderverzielen: Zweetens hat ech bal ëmmer Besuch zu Bandol. Jiddereen zu Lët­ze­buerg wousst natierlech eenzock, wat mat mir a mam Pierre ge­laf ass, an esou hunn eng Hällewull Leit mech uge­ruff. (Hutt Der gemierkt, ech hunn e puer Stacklët­ze­buer­ger Wier­der benotzt, domat gi meng Chan­cen, mat dë­sem Buch e Präis ze gewannen, immens an d’Luucht!) Déi meescht einfach fir eppes gewuer ze ginn, dat se dann do­heem séier op Orbit konnte setzen an dat de Wee zréck bei mech och grad esou séier nees fonnt huet, mä och éierlech Leit, déi et gutt mat mir gemengt hunn, dat heescht, wou den Interessi u mir iwwer deem allge­menge Virwëtz stoung. Déi meescht vun deene Gudden hunn ech op Bandol agelueden; vill sinn der komm, gelang­weilt hunn ech mech ni. A si och net!
Mä och de Luc an d’Alice sinn esou dacks komm, wéi et hinne méiglech war. Et war mir séier kloer ginn, datt ech de Luc net fir mech alleng kréich. Wéi gesot, wousst ech net, ob et him u Courage gefeelt huet, fir d’Alice a säin aalt Liewe fir mech opzeginn, oder ob ­hien ëmmer nach frou mat him war, oder wat soss de Grond vun esou engem Verhalen hätt kënne sinn, mä egal. Op alle Fall war ­hien immens schaarf op mech, re­gel­méisseg wann d’Alice akafe war, an dat ass zimlech dacks virkomm, well hatt sech an der Roll vun der trei­suergender Kächin ganz wuel gefillt huet, si mir iwwer­eneen hiergefall. (Oder wéi seet een dat besser, an dëser uraler Baueresprooch?)
Et war also nëmmen eng Saach vun der Zäit, bis d’Alice gemierkt huet, wat am Bësch war. Vläicht wousst hatt et och schonn, gefrot hunn ech et net! Op alle Fall hunn ech et eng Kéier iwwer d’Schëller vu sen­gem Mann an der Dier stoe gesinn, hatt muss de Port­mon­ni vergiess gehat hunn, oder d’Posch, ech weess et net. Hatt ­stoung séile­roueg do, huet mat engem Laa­chen op de Lëpse sengem verschweesste Mann a senger Frën­din beim Sex no­gekuckt. No e puer Ablécker huet hatt de Fanger op de Mond geluecht, fir mir ze weisen, datt hatt net stéie­re wéilt oder datt hatt eis net verrode wéilt (wiem och?) oder datt ech dem Luc net verrode sollt, datt hatt eis no­gekuckt huet, ech weess et wierk­lech net.
Vun elo u ware mir dacks zu dräi am Bett, an ech den­ken och hei net drun, Iech Detailer ze liwweren. Wat géin­ge meng 60 vu 60 Frëndinnen denken! Just esou vill, et war immens schéin an och guer net ekeleg oder ver­werflech oder wéi och ëmmer d’Moralapostelen esou Konstellatioune gär an heefeg bezeechnen. Mir sinn net direkt an d’Häll gefuer an et ass och keng Na­tur­katastrof iwwer eis eragebrach. Et hat vill mat Ge­buer­gen­heet ze dinn, wat eendeiteg um Alice houng, an och mat Loscht, wat éischter mam Luc senger Sport­lech­keet ze dinn hat. Et war eng perfekt Situatioun fir mech: Ech konnt ouni Sue­problemer an enger Toplag zu Bandol wunnen, hat re­gelméisseg Besuch vu méi oder manner gudde Frënn a Frën­dinnen, hat dacks de Plë­séier, mam Luc a mam Ali­ce zesummenzesinn, an d’Sé­cherheet, datt de Pierre aus deem Ganze keen Dra­ma maache géing. Dofir war ­hien einfach net den Typp.

 

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro