Gast Groeber: Weekend mat Bléck op Fräiheet

Dësen Artikel bewerten:
(19 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Roman

nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2015

Op der Lay 178
2015, 200 Säiten

ISBN 978-2-87967-205-2

14,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen / Im Webshop von Op der Lay kaufen / Acheter dans le Webshop d'Op der Lay

Als eBook fir den Amazon Kindle kaafen

 

 

Am Hierscht 2010 gëtt dem Gast Groeber säi Jugendroman De Griss publizéiert, deen et direkt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2011 packt.
Säi Roman Manu kënnt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2013.
Am Hierscht 2013 kënnt eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten eraus: All Dag verstoppt en aneren. Dës Publikatioun gewënnt an der Kategori Literatur de Lëtzebuerger Buchpräis 2014 a gëtt 2016 mat dem Europäesche Literaturpräis ausgezeechent.
2016 ass erëm eng nei Sammlung vu Kuerzgeschichten ënnert dem Titel Eng Stad ënnert dem Himmel erschéngen.

Sou eng Rei Erfolleger hannertenee weisen, datt de Gast Groeber am Lëtzebuergeschen a ganz kuerzer Zäit zu engem vun deene beschte Schrëftsteller an eiser Sprooch ginn ass. An dat läit sécher och u senger Sprooch, well et en natierlecht a modernt Lëtzebuergesch ass, wat hie schreiwt.
Dobäi ass all Buch vun him thematesch sou verschidden, wat och weist, datt hie sech iwwer ganz vill aktuell Problemer seng Gedanke mécht, déi hien da literaresch festhält a verschafft.

Vill Leit dierften da gespaant sinn, ëm wat et a sengem neie Roman aus dem Fréijoer 2015 geet. Weekend mat Bléck op Fräiheet ass just eng kuerz Episod am Leksa sengem Liewen, eebe just e Weekend. D’Russin Aleksandra, kuerz Leksa genannt, huet déi duebel Nationalitéit a liewt hei zu Lëtzebuerg.
En Owend mat Frënn am Éislek mécht hir awer definitiv kloer, datt si net méi bei hirem lëtzebuergesche Frënd bleiwe kann. Hir Elteren hunn en Appartement am Garer Quartier an der Stad an do zitt hatt sech zréck, begéint do senger aler Jugendléiwt Joao, engem Portugis, wou et gesäit, datt d’Zäit fir anerer och net stoe bliwwen ass.
Et begéint verschidde Leit an et kommen nei Entscheedungen op hatt duer. A verschiddener weisen him, wéi et mat senger neier Fräiheet ëmgoe kann.

 


Auszuch aus Weekend mat Bléck op Fräiheet

Erënnerungsblëtzer hannert den zouenen Aen, Dos-sier, Schierm, Schneider, Java, HTML5 –- alles daucht nëmme verwëscht op a gëtt gläich erëm ewechgesuckelt!
Biller, Wierder, Geréch rënnen aus den Aen, dem Mond, den Oueren an der Nues eraus. Dee ganzen décke Bräi verdréchent iergendwou am Doft vum Bett. De Kapp gëtt méi liicht, de Rescht vum Kierper sackt an den Diwwi ran.
Heiansdo dauchen nees Gedankefatzen op, ganz no niewt dem Erwächen. An da wëllt sech op ee Mol erëm viru senger Nues dat Ziffereblad ouni Zäre breedmaachen. Hatt gesäit Zären, déi wëlle gebuer ginn. Hir kleng Feilspëtze probéieren, sech an dee wuelege Middegkeetsgelli, dee säi Kierper ëmdéckst, eranzebueren. Mä dee Wouscht verschwënnt erëm sou séier, wéi en opgedaucht ass.
Hat do lo net eppes gepiipst?
Neen, et war just eng lescht Feilspëtzt, elo grad.
Hei, wéi komesch!
Dat do kennt hatt dach!
Déi Trapen do, vum Quai erof, hannert der Neklos-kierch.
Schnéi. Keelt.
Hatt spiert dem Papp seng waarm Hand, héiert säi sat Laachen.
– Piter huet säi wäisst Kleed aus senger Kleederkëscht geholl!
Déiw rësseg Strukturen am gefruerenen Äis um Kryukov-Kanal.
Knirschen an Zischen ënnert de Féiss vun de Schlittschongleefer.
Gedrécks heiansdo. Gejäiz och.
D’Mamm, déi em elo d’Hand dohinnerhält. De Papp, dee mat jonke Leit schnësst.
– Keng Angscht, Sascha! Si si just am Gaang ze feieren, si freeë sech einfach nëmmen iwwer dat Glënnere vun der Sonn um Frascht! Déi blenkeg Fonken dréien d’Flam vum Liewen op.
De Papp hëlt et bei den Hëften, dréckt et un. Hatt glëtscht iwwer d’Äis, ouni Hëllef, liicht a fräi. Et héiert d’Stëmme vu sengen Elteren, wéi s’et ufeieren, friem Spadséiergänger klappen him. Wéi lieweg a schéin op eemol déi Keelt hei gëtt!
Bei der Nevski klamme se d’Trapen aus dem Kanal erop.
Hei ass alles méi haard, méi voller Leit, a ganz voller Autoen!
– Du wëlls bestëmmt e waarme Schockela drénken?
Si stinn an der Rei, hatt reiwt sech mat de Moulen iwwer d’Schëlleren, kuckt sech sat um Grinsen op deene ville Leit hire Gesiichter.
Elo zitt der Mamm hir Hand hatt méi no un dee klenge Verkafsstand.
Säi Bléck gëtt vun deem grousse Mann mat der Pelzemutz a sengem klengen Haischen ugezunn.
D’Mamm bestellt.
De Pelzemutzemann kuckt op d’Leksa.
– En Français, s’il vous plaît!
– Schocki, ee Moment, Chocolat chaud, oder?
De Babba grinst, hëlt d’Mamma an den Aarm a pëtzt der Pelzemutz en A zou.
– Hatt ass gudd, eist Saschenka, gell! Mir soen him ëmmer ,Sascha, profitéier vun all deene Sproochen, déi s de hei kanns léieren’ !
Hatt dabbert mat de Féiss hin an hier, frou driwwer, datt säi Papp et esou ënnerstëtzt.
Mä oh! Hatt verpasst en Trepplek, wänzelt rondrëm.
– Leksa!
Lo spiert et déi Hand op senger Schëller.
– Leksa!
D’Ae reiwen, zou sech kommen.
– Leksa!
Dat ass de Mick!
Hien ass iwwert hatt gebéckt, iwwerfält et mat Wierder, freet no Prett, schwätzt vu gläich fueren, granzt eppes vun dach en SMS geschéckt.
Hatt kënnt zou sech, seng Ae si just Wonnerkugelen. Hatt steet op, sicht eng Äntwert op dem Mick säi verbalen Iwwerfall, seet iergendeppes vun dach just nëmmen engem klengen Ament, freet bei wie scho méi, versprécht him, sech ze tommelen.
– Du brauchs dech net extra rauszefizen! Mir fueren op d’Land, do si se net esou kriddeleg.
Hatt kuckt sech am Spigel, wäscht sech d’Gesiicht of, kämmt sech, wäscht d’Zänn, dann nach eng Sprutz Parfum.
Wat sollt dann elo grad déi Bemierkung vum Mick?