Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

Dësen Artikel bewerten:
(39 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch fir erwuesse Leit

Op der Lay 141

2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
128 Säiten

ISBN 978-2-87967-115-4

9,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Den décken dommen Dudu ass no dräi Bicher fir Kanner dat éischt Kannerbuch fir erwuesse Leit vum Roland Meyer. Nom grousse Succès vun Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) huet dësen Auteur och emol un d'Eltere vun de Kanner geduecht. Déi hu jo alt sou hir Problemer mat hirem Nowuess, ouni datt dee sou schro ass. De Roland Meyer beschreiwt e kuerze Moment vum Didier, genannt Dudu, deen net grad dee beschten an der Klass ass a wéi sou vill Kanner hautesdaags e bëssen Iwwergewiicht huet. D'Carmen, seng Schwëster, ass do just de Konträr. Hir Mamm muss sech alt sou duerchklappen, an den Dudu, dee et méi zum Iesse wéi zur Schoul zitt, huet seng naiv Dreem vum Yvette, an dat hie verléiwt ass. Wat em awer alles sou passéiert, däerft sécher vill erwuesse Kanner – an natierlech och déi, déi selwer nach an d'Schoul ginn – immens interesséieren. Well interessant ass et schonn! Dat sote sech bis elo vill Leit, sou datt dat Buch och elo an der 4. Oplo virläit.
Pressestimmen:
Mit dem vorliegenden Buch wendet sich der Lehrer sowie Kinderbuch- und Theaterautor Roland Meyer in erster Linie an Eltern und Schulpersonal. Dem Autor ist eine geschickte, kritische und gut stilisierte Auseinandersetzung mit dem Thema Schule, mit Bravo, Pubertät und Ausgrenzung gelungen.
d'Lëtzebuerger Land, 5. August 2005
Hei fannt Dir déi ganz Kritik.

Am Fréijoer 2006 koum vum Roland Meyer Mission Geheimer Stollen, e spannend Jugendbuch op Däitsch, bei Op der Lay eraus, dat och direkt e Bestseller gouf.
2007 ass da Mango Panda erauskomm, mat dem Ënnertitel Gëtt et Léift mat 12 Joer?
Am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.
Enn 2011 huet Op der Lay Muedebëtzeg, e Roman fir Erwuessener vum Roland Meyer erausginn, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.


Auszoch aus Den décken dommen Dudu:


An der Schoul sinn ech nach just den «Dudu», oder nach schlëmmer «den dommen Dudu», oder, an dat ass dat schlëmmst, «den décken dommen Dudu»!
Dat huet fënnef Deeën. Dat sinn der zevill! Mat fënnef Deeën a sengem Numm ka kee Mënsch liewen!
– Den Dee vun «décken» kann ech nach akzeptéieren: Ech si wierklech ze déck! Net datt ech dat esou gewollt hätt, neen, et ass einfach komm, an elo ass et eng Tatsaach: Ech kann näischt dergéint maachen! Éischtens iessen ech immens gären, et schmaacht mir ëmmer gudd, ech freeë mech ëmmer, wann ech eppes kréien. Zweetens ass iessen eng gudd Beschäftegung, da geet mëttes d'Zäit méi séier erëm, bis d'Mamm kënnt, et ass dann net esou langweileg. Drëttens sinn ech och ëmmer hongereg. Scho wann ech mëttes am Schoulrestaurant vum Dësch opstinn, spieren ech, wéi den Honger mech an de Bauch pëtzt. Da freeën ech mech schonns fir heem, well do sinn ech dann aleng a kann esouvill iesse wéi ech wëll.
Meng Mamm huet och gemierkt, datt ech esou gudd iessen; dofir kuckt si ëmmer, datt alles doheem prett steet. «Wann ech schonn net kann doheem sinn, da solls du wéinstens eppes Guddes fir z'iessen hunn.»
– Den Dee vun «dommen» mécht mir méi aus. Dee wollt ech net. Esou schlecht léieren ech och net. Och wann d'Joffer dat ëmmer seet. Dat Wuert «dommen» hu se nëmmen derbäigetässelt, well dat sech esou gudd seet: «den décken dommen Dudu»!
Mee ech sinn net domm!

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro