Roland Meyer: Mango Panda

Dësen Artikel bewerten:
(22 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Gëtt et Léift mat 12 Joer?
Roman fir jonk Leit

Op der Lay 537

2007, 128 Säiten

ISBN 978-2-87967-138-3

7,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Mango Panda heescht dat Buch fir Kanner vum Roland Meyer, wat am Fréijoer 2007 erauskoum. Am Ënnertitel heescht et Gëtt et Léift mat 12 Joer? Dat ass nämlech net sou einfach fir d'Linda, dem Schoulinspektor Kréier säi Meedchen, wat sech zu Bouneweeg bei engem Schoulemeeting an de Samuel verléift huet, well deen him bei engem afrikaneschen Danz immens imponéiert huet. Wéi kann et deen elo erëmgesinn, well hatt an enger ganz anerer Schoul ass? Do léisst hatt sech scho villes afalen, mä wann et Zoufäll ginn, dann ass et op jidde Fall een, well de Samuel wiesselt d'Schoul an hie sëtzt souguer e bësse méi spéit am Linda senger Klass. Wéi déi Léift sech awer weider entwéckelt, dat liest Der besser selwer, well et ass derwäert!

Pressestimmen:
Es geht aber auch anders: Mango Panda, Gëtt et Léift mat 12 Joer? von Roland Meyer, erschienen beim Verlag Op der Lay. Obwohl der Untertitel wieder Schlimmes vermuten lässt, ist dem Autoren mit diesem Buch ein kleiner Geniestreich geglückt. Aus der Perspektive der zwölfjährigen Linda Krier wird die ziemlich verkorkste Liebesbeziehung zum etwas älteren Samuel Fischer erzählt. Meyer gelingt es in flottem Luxemburgisch, mit Spannung und mit Humor (Eureka!), eine absolut glaubhafte, intelligent strukturierte Liebesgeschichte zu erzählen, die vor allem von den authentischen, liebeswerten Hauptcharakteren getragen wird. Es ist schon erstaunlich, wie gut sich der 1963 geborene Lehrer Roland Meyer, Vater von zwei Jungen, in die Welt seiner Romanfigur Linda hineinversetzen vermag. Das Buch sei insbesondere Backfische aus gutem Hause empfohlen, denen dieses kurzweilige Buch in verständlicher Mundart gefallen müsste. Es sollte desweiteren zur Pflichtlektüre für Luxemburger Schulinspektoren werden.
d'Lëtzebuerger Land, 23. November 2007
Hei kënnt der de ganzen Artikel iwwer Lëtzebuerger Jugendliteratur liesen.

De Roland Meyer ass am Beräich Jugendbuch hei am Land sécher e Bestseller-Auteur. Seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) goufen direkt begeeschtert opgeholl. Duerno huet en awer och mat engem Kannerbuch fir erwuesse Leit Den décken dommen Dudu (2. Oplo) e Risebestseller geland an och op Däitsch huet sech Mission Geheimer Stollen als spannend Buch bei ganz ville Lieser erëmgeschwat. Am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.
Enn 2011 huet Op der Lay Muedebëtzeg, e Roman fir Erwuessener vum Roland Meyer erausginn, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.

Och hei weise mer op de Kultursponsoring hin, deen e gudde Präis iwwerhaapt méiglech mécht.


Auszoch aus Mango Panda:


Dem Samuel seng Klass huet eng afrikanesch Perkussiounsnummer opgefouert. Ech hunn dat Geklapps net gär, well et mech ëmmer u meng éischt zwee Joer an der Museksschoul erënnert, wéi mir geléiert hunn, de Rhythmus ze klappen. Déi eng kënnen et direkt, déi aner net – an déi léieren et ni! D'Opféierung war weder afrikanesch nach lëtzebuergesch oder soss eppes, se war einfach nëmme schlecht. Mee du koum de Samuel. Wéi d'Geklapps vun der Klass just nach e risege Chaos war, ass hien an d'Mëtt vum Hallefkrees gesprongen, wéi aus dem Näischt, wéi vun engem anere Stär, an hien huet gedanzt. Direkt huet die ganze Sall de Rhythmus mat geklappt, d'Jongen hu mam Kapp no vir a no hanne gewackelt an d'Meedercher hu gebläert. Ech soen dir, dat war e komescht Gefill: ech hu ronderëm mech gekuckt a mech gewonnert, datt se all esou ausgeflippt sinn, an an diem selwechten Abléck hunn ech gemierkt, datt ech selwer mat gebläert hunn. Genial! Bei eisem Theater huet sech de Publikum du nees séier "berouegt". Dem Samuel seng Klass huet dien éischte Präis gewonnen, et war e Laptop. Mir kruten alleguer en Zertifikat, eng Kap an e Band fir de Schlëssel dranzehänken. Wéi mir an de Bus geklomm sinn, hunn déi meescht Kanner Fligeren aus hiren Zertifikater gebastelt a se duerch d'Luucht geschoss. Die ganze Buedem war schonns vun opgeweechte Pabeiere bedeckt. Ee vun diene Fligeren ass ganz liicht a mengen Hoer geland. Ech hu mir ganz fest virgestallt, et wier dem Samuel säin.

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro