Renée Weber: De Bopi Néckel fiert an d'Vakanz

Dësen Artikel bewerten:
(42 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch

faarweg illustréiert vum Renée Weber

Op der Lay 550
2013, 64 Säiten, haard Deckelen

ISBN 978-2-87967-195-6

15,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

No enger ganzer Rei erfolgräicher Bicher fir Kanner kënnt elo en neit vum Renée Weber: De Bopi Néckel fiert mat sengen 10 Kanéngercher an Holland op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. A genee dat gëtt et. Well um Camping trëtt och den Zauberer Sputnik op, mä virun allem verschwënnt ee Kanéngchen nom aneren, awer wouhin?

2009 hat d'Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kanner- a Jugendbicher kritt fir säi Buch fir ganz kleng Kanner Dem klenge Felix seng grouss Rees (2. Oplo). 2010 war de Bommel op der Shortlist vun de 4 beschte Kannerbicher beim Lëtzebuerger Buchpräis nomiméiert a beim Top-5 Liesspill vu Freed um Liesen.Scho mat sengem éischte Buch D'Ann Spann an de Rolfi Raup (4. Oplo) hat d'Renée Weber e Risesuccès. Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: Alles wéinst dem Willi Wull (3. Oplo). Wann d'Buch D'Ann Spann an de Rolfi Raup Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn.

Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat flott faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien (2. Oplo). Dëst Buch ass och op Däitsch Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen (2. Auflage) an op Franséisch ze kréien Mouhna Lisa ou le rêve de voler (2e édition). Déi lëtzebuergesch an déi däitsch Versioun gëtt et och als animéiert eBook fir den Apple iPad.
2007 ass Wou ass de Sam? erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf.

D'Renée Weber huet och nach weider Bicher illustréiert, z.B. d'Erzielunge fir Kanner Kuul Lisi (2. Oplo) a Pirik der Clown vum Danielle Frières, dem Roland Meyer seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) oder fir déi grouss Kanner hannerwëtz mat bireschnëtz vum Roger Manderscheid.

 


Auszoch aus De Bopi Néckel fiert an d'Vakanz:

Deen anere Mueren ass schonns ganz fréi Luucht am Bopi Néckel sengem Haus. De Rescht muss nach agepaakt an da muss alles am Au­to verstaut ginn. Mä dat ass nach laang net sou einfach. De Bopi Néckel huet een zimlech klengen Auto, mä e ganze Koup Saache fir mat­zehuelen. Hie ka maachen, wat e wëll, et geet einfach net alles dran. De Bopi schweesst an ass scho ganz verzweiwelt.
«Wat soll ech da maachen? Ech brauch dat awer alles», wéimert hien. «Ech kann dach net de Fatzerten hier Muerten heiloossen.»
«Néckel, a wat ass da bei dir sou fréi scho lass, kanns du net méi schlofen?» Dat ass den Noper Jos, dee wéi ëmmer moies en Tour mat sen­gem Hond Norbert mécht.
«Oh Jos, du kënns grad zur richteger Zäit», seet de Bopi Néckel an en erkläert dem Jos säi Problem.
«Ma do kann ech der hëllefen», seet de Jos dunn, «ech léinen der ein­fach mäi Gepäckdréier fir op den Daach, da méchs de de Rescht do drop.»
De Bopi Neckel ass iwwerglécklech, well mat dem Noper Jos senger Hëllef geet alles duebel esou séier. Et dauert net laang an alles ass verstaut.
«Sou», seet de Bopi Neckel, «da feelen elo just nach meng kleng Nén­gien an da kann et lassgoen.»
«Wat?», rifft den Noper Jos, «du hëls dach net déi ganz Band Ka­nén­ger­cher mat an d’Vakanz, geet et dann nach?»
«Ma sécher huelen ech si mat. Soll ech se vläicht ganz eleng hei­heem loossen?», reegt de Bopi Néckel sech op. «Si gi mat, an domad­der Basta.»
«Ma dat ka mer jo flott ginn», rëselt den Noper Jos de Kapp. (Den Hond Norbert rëselt och de Kapp.)
Dem Bopi Néckel ass dem Jos seng Meenung sou laang wéi breed, hien ass schonn amgaang, seng Kanéngercher am Auto ze verstauen.
De Jos denkt nach bei sech: «De Bopi Néckel gëtt mat de Joeren awer och ëmmer méi komesch.» Da wënscht hien dem Bopi a senge Ka­nén­gercher nach eng schéi Vakanz a mécht sech mam Norbert séier fort.

Weider Bicher vum Renée Weber:

  • Renée Weber: De Bopi Néckel fiert an d'Vakanz

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 550
    2013, 64 Säiten, haard Deckelen

    ISBN 978-2-87967-195-6

    15,90 €uro

  • Renée Weber: Bommel

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vum Renée Weber
    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2010

    Op der Lay 543
    2010, 80 Säiten, haard Deckelen

    ISBN 978-2-87967-166-6

    14,90 €uro

  • Renée Weber: Dem klenge Felix seng grouss Rees

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vum Renée Weber
    Lëtzebuerger Buchpräis 2009 (Kannerbicher)

    Op der Lay 543

    2009, 2. Oplo 2009, 3. Oplo 2014, 30 Säiten, haard Deckelen

    ISBN 978-2-87967-161-1

    14,90 €uro

  • Renée Weber: Wou ass de Sam?

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vu Schoulkanner aus der Gemeng Ierpeldeng

    Op der Lay 540
    2007, 56 Säiten

    ISBN 978-2-87967-153-6

    10,90 €uro

  • Renée Weber: Alles wéinst dem Willi Wull

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 523
    2000, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2011, 80 Säiten, haard Deckelen

    ISBN 978-2-87967-084-3

    14,90 €uro

  • Renée Weber: Mouhna Lisa ou le rêve de voler

    Langue: Français
    Livre pour enfants

    illustré par Renée Weber

    Op der Lay 532
    2005, 2e édition 2010, 36 pages, Hardcover

    ISBN 978-2-87967-125-3

    14,90 €uro

  • Renée Weber: Muhna Lisa oder: Der Traum vom Fliegen

    Sprache: Deutsch
    Kinderbuch

    farbig illustriert von Renée Weber

    Op der Lay 531
    2005, 2. Auflage 2010, 36 Seiten, Hardcover

    ISBN 978-2-87967-124-6

    14,90 €uro

  • Renée Weber: Muhna Lisa oder: Den Dram vum Fléien

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    farbig illustriert von Renée Weber

    Op der Lay 531
    2005, 2. Oplo 2010, 36 Säiten, Hardcover

    ISBN 978-2-87967-123-9

    14,90 €uro

  • Renée Weber: D'Ann Spann an de Rolfi Raup

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    faarweg illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 508
    1996, 2. Oplo 1999, 3. Oplo 2004, 4. Oplo 2010
    80 Säiten, haard Deckelen

    ISBN 978-2-87967-032-4

    14,90 €uro