Nora Wagener, Luc Caregari, Carlo Schmitz: d'Glühschwéngchen

Dësen Artikel bewerten:
(28 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch

faarweg illustréiert vum Carlo Schmitz

nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2016

Op der Lay 555
2016, 48 Säiten, haard Deckelen

ISBN 978-2-87967-214-4

15,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

D'Nora Wagener an de Luc Caregari hu sech fir hiert éischt Kannerbuch de Carlo Schmitz gewënscht, fir dat ze illustréieren. An deen huet direkt zougesot a mat sengem onverwiesselbare Molstil déi spannend Geschicht vum Glühschwéngchen a Faarwen ëmgesat.

D'Glühschwéngche war einfach ze laang ënnert där rouder waarmer Luucht am Stall zu Schruppeg, well et him ëmmer kal war. An hatt huet sech sou mat Hëtzt opgelueden, datt am Summer kee méi mat him spille wëllt. Do erzielt de Bauer him, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, an dohi wëllt eist Schwéngchen dann higoen. Mä an der Foussgängerzon vu Schruppeg begéint hatt engem Mann, dee mat sengem Frack zwar wéi e Pinguin ausgesäit, mä leider guer keen ass. An dee versprécht him "eng Plaz, op där d'Sonn ni schéngt." A vun do u gëtt d'Glühschwéngche mat senger Hëtzt agesat, fir Grénge Stroum ze produzéieren. No an no fënnt hatt dann och eraus, datt do nach aner Déier agesat ginn. An hinnen zesumme geléngt et, fir vun do an d'Fräiheet erauszekommen. Mä d'Glühschwéngche kann dono awer dem Bauer ganz vill hëllefen …

Och déi Erwuesse wäerte vill Spaass hunn, am Carlo Schmitz senge Biller all Uspillungen op eis modern Gesellschaft erauszefannen.