Pascale Junker & Claudine Muno: Dem Zoe seng Geschichten

Dësen Artikel bewerten:
(2 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Geschichte fir Kanner

faarweg illustréiert vum Pascale Junker

Op der Lay 513
1998, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2008,
76 Säiten, 3 Hefter + 1 Molbuch

ISBN 978-2-87967-127-7

12,90 €uro


Am Webshop von Op der Lay kafen

D'Pascale Junker huet schonn e puer Kannerbicher, déi beim Verlag Op der Lay erauskoumen, illustréiert, z.B. «D'Kannerschlass» (leider vergraff!)an «Kira et son ami Fernando» vum Chantal Schenten-Keller.D'Claudine Muno ass eng vun eise beschte jonken Erzielerinnen.Op der Lay huet bis elo eng ganz Rei Bicher fir Jonker an Erwuessener vum Claudine Muno publizéiert, z.B. Frigo (3. Oplo, dëse Roman krut de Servais-Präis 2004), Koma, Moundkälwer, Dat klengt Buch vun der Doudangscht an De Fleeschkinnek (2. Oplo) op Lëtzebuergesch, Träume, aus denen man zu spät aufwacht (2. Oplo) op Däitsch, d'Romaner 21 op Franséisch a The Moon of the Big Winds op Englesch an d'CDen Fish Out Of Water a Monsters.

Bei der éischter Publikatioun fir Kanner sinn dräi Geschichten entstan, déi an dräi Hefter drastinn. Dobäi koum nach e Molheft mat Illustratiounen aus de Geschichten, déi d'Kanner faarweg mole kënnen. Déi véier Hefter sinn zesummen an enger Folie ageschweesst.

D'Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. A wat hatt net erliewt, erfënnt hatt dann einfach. Hei fannt Dir dann d'Geschichten "Am Huesestot", "Schockelasbotterfangeren" an "Hexen a Kamellen". All Geschichte si vu vir bis hanne faarweg illustréiert.

A fir déi Kanner, déi nach Geschichte vum Zoe héieren oder liese wëllen: et gëtt nach een zweet Buch bei Op der Lay. D'Zoe, Draachen a Siweschléifer (2. Oplo) huet och nach dräi Geschichten a och e Molheft, kënnt awer mat haarden Deckelen.


Auszoch aus Am Huesestot (Dem Zoe seng Geschichten):

Bal hat hie gemengt, et wier alles an der Rei, do ass d'Huesemadamm op eemol gréng am Gesiicht ginn an huet sech missen op de Kanapee leeën.Den Hues war ganz besuergt:– Wat ass lass? War eppes net gudd mat mengem Kuch?Si huet hallef am Dusel de Kapp gerëselt:– Neen, dee war einfach zevill gudd! Ech hu vill ze vill giess an elo ass et mer esouuuu schlecht!!! Uhhh, ohhh, ahhh, aua...An den Hues huet sech séier dovugeschlach, well hien huet sech gesot:– Wann hatt erëm zou sech kënnt, da gëtt et en Donnerwieder.An nees ass hien traureg heemgeschlappt.– Ech hunn awer och nëmme Pech!, huet hie bei sech geduecht. Hie wosst senger Hänn kee Rot méi.

Weider Bicher vum Pascale Junker & Claudine Muno: