Pascale Junker & Claudine Muno: Am Huesestot (Dem Zoe seng Geschichten)

Dësen Artikel bewerten:
(3 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Geschicht fir Kanner

faarweg illustréiert vum Pascale Junker

Op der Lay 514
1998, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2008, 20 Säiten

ISBN 978-2-87967-064-5

3,90 €uro


Am Webshop von Op der Lay kaafen

D'Pascale Junker huet schonn e puer Kannerbicher, déi beim Verlag Op der Lay erauskoumen, illustréiert, z.B. «D'Kannerschlass» an «D'Kira an hire neie Frënd Fernando» (leider allen zwee vergraff!) vum Chantal Schenten-Keller.D'Claudine Muno ass eng vun eise beschte jonken Erzielerinnen.Op der Lay huet bis elo eng ganz Rei Bicher fir Jonker an Erwuessener vum Claudine Muno publizéiert, z.B. Frigo (3. Oplo, dëse Roman krut de Servais-Präis 2004), Koma, Moundkälwer, Dat klengt Buch vun der Doudangscht an De Fleeschkinnek (2. Oplo) op Lëtzebuergesch, Träume, aus denen man zu spät aufwacht (2. Oplo) op Däitsch, d'Romaner 21 op Franséisch a The Moon of the Big Winds op Englesch an d'CDen Fish Out Of Water a Monsters.

Bei der éischter Publikatioun fir Kanner sinn dräi Geschichten entstan, déi an dräi Hefter drastinn. Dobäi koum nach e Molheft mat Illustratiounen aus de Geschichten, déi d'Kanner faarweg mole kënnen. Déi véier Hefter kritt Dir als Dem Zoe seng Geschichten zesummen natierlech méi bëlleg, mä och eenzel sinn se ze kréien.

D'Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. A wat hatt net erliewt, erfënnt hatt dann einfach. Hei fannt Dir dann d'Geschichten "Am Huesestot", "Schockelasbotterfangeren" an "Hexen a Kamellen". All Geschichte si vu vir bis hanne faarweg illustréiert.

A fir déi Kanner, déi nach Geschichte vum Zoe héieren oder liese wëllen: et gëtt nach een zweet Buch bei Op der Lay. D'Zoe, Draachen a Siweschléifer huet och nach dräi Geschichten a och e Molheft, kënnt awer mat haarden Deckelen.


Auszoch aus Am Huesestot (Dem Zoe seng Geschichten):

Do war eemol en Hues, dee ganz fuerchtbar an eng Huesemadamm verléiwt war, déi net wäit vun him ewech gewunnt huet.En huet sech awer ni getraut, fir där Huesemadamm dat ze soen, an do huet e sech geduecht, hie géif hir e Cadeau bréngen.En huet laang iwwerluecht an iwwerluecht, ouni eng richteg gudd Iddi ze hunn.

Weider Bicher vum Pascale Junker & Claudine Muno: