Pascale Junker: Molbuch (Dem Zoe seng Geschichten)

Dësen Artikel bewerten:
(0 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Molbuch

Op der Lay 517
1998, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2008, 16 Säiten

ISBN 978-2-87967-067-6

2,50 €uro


Am Webshop von Op der Lay kafen

D'Pascale Junker huet fir d'Kanner e puer Zeechnunge aus den dräi Geschichten vum Zoe "Am Huesestot", "Schockelasbotterfangeren" an "Hexen a Kamellen" schwaarz-wäiss an dëst Molbuch gesat. All déi Geschichte si jo vu vir bis hanne faarweg illustréiert. A mat dësem Molheft mat Illustratiounen aus de Geschichten, kënnen d'Kanner déi Biller och nach selwer faarweg molen. Déi véier Hefter kritt Dir als Dem Zoe seng Geschichten zesummen natierlech méi bëlleg, mä och eenzel sinn se elo ze kréien.D'Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. A wat hatt net erliewt, erfënnt hatt dann einfach.

A fir déi Kanner, déi nach Geschichte vum Zoe wëllen: et gëtt nach een zweet Buch bei Op der Lay: D'Zoe, Draachen a Siweschléifer huet och nach dräi Geschichten a och e Molheft, kënnt awer mat haarden Deckelen.


 

Weider Bicher vum Pascale Junker & Claudine Muno: