Pascale Junker & Claudine Muno: D'Zoe, Draachen a Siweschléifer

Dësen Artikel bewerten:
(3 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Geschichte fir Kanner

faarweg illustréiert vum Pascale Junker

Op der Lay 518
1999, 2. Oplo 2006, 48 Säiten + 1 Molbuch, mat haarden Deckelen

ISBN 978-2-87967-072-0

13,90 €uro


Am Webshop von Op der Lay kafen

D'Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. An och hei kann een heiansdo net wëssen, wat hatt erfënnt a wat hatt richteg erliewt. An dësem Buch sin d'Geschichten "Chinatown", "Picken a Panzeren" a "Siweschléifer". All Geschichte si vu vir bis hanne faarweg illustréiert. A fir datt d'Kanner och mol selwer déi Biller mole kënnen, ass och nach e Molheft vun 8 Säiten dobäi.D'Pascale Junker huet schonn e puer Kannerbicher, déi beim Verlag Op der Lay erauskoumen, illustréiert, z.B. «D'Kannerschlass» (leider vergraff!)an «Kira et son ami Fernando» vum Chantal Schenten-Keller.

D'Claudine Muno ass eng vun eise beschte jonken Erzielerinnen.Op der Lay huet bis elo eng ganz Rei Bicher fir Jonker an Erwuessener vum Claudine Muno publizéiert, z.B. Frigo (3. Oplo, dëse Roman krut de Servais-Präis 2004), Koma, Moundkälwer, Dat klengt Buch vun der Doudangscht an De Fleeschkinnek (2. Oplo) op Lëtzebuergesch, Träume, aus denen man zu spät aufwacht (2. Oplo) op Däitsch, d'Romaner 21 op Franséisch a The Moon of the Big Winds op Englesch an d'CDen Fish Out Of Water a Monsters.

A fir déi Kanner, déi och déi éischt Geschichte vum Zoe héieren oder liese wëllen: dat éischt Buch bei Op der Lay war Dem Zoe seng Geschichten (3. Oplo). Dat huet souguer e Molheft vu 16 Säiten derbäi.


Auszoch aus Picken a Panzeren (D'Zoe, Draachen a Siweschléifer)

Wësst Dir, wat ech fir Chrëschtdag kritt hunn?Eng Deckelsmouk. Ech hu se Sophie genannt.Enges Daags, wou se aus dem Gaart erëm koum, huet se ugefaang mat schwätzen..., mä dat weess awer ausser mir kee Mënsch.D'Sophie ass immens séier méi déck ginn an op eemol huet hatt guer net méi a seng Këscht gepasst.Do hu mir et am Fréijoer am Gaart fräi gelooss an am September koum et erëm, fir mir z'erzielen, wat him alles geschitt war.Am Ufank ass d'Sophie ganz virsiichteg duerch d'Gras geschlach an huet sech heiansdo op seng hënnescht Patte gestallt, fir ze gesinn, wat et do nach alles z'entdecke gouf.Hatt ass sech es net zoukomm, dass all dat säftegt Gras ganz aleng fir hatt war. Dat muss sinn, wéi wann ech géng an engem Buttek voller Kamelle wunnen...

Weider Bicher vum Pascale Junker & Claudine Muno: