Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

Dësen Artikel bewerten:
(13 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannertheater-Roman

illustréiert vum Renée Weber

Op der Lay 520
2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

ISBN 978-2-87967-075-1

7,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Eng Foto vum (Klëppel)Krich ass dat éischt Buch fir Kanner vum Roland Meyer. De Roland Meyer ass Schoulmeeschter an 1999 ass dat Stéck als Kannertheater mat engem immens grousse Succès opgefouert ginn. Am Joer 2000 huet de Roland Meyer ëm dëst Theaterstéck e Roman geschriwwen, wou eng Schoulklass grad dëst Stéck amgaang ass ze prouwen, wéi de Bujar als Neien an d'Klass kënnt. De Bujar ass e Flüchtlingsjong aus dem Kosovo. D'Reaktioune vun der Klass, den Afloss vun de Flüchtlingen op eist alldeeglecht Liewen ass dem Roland Meyer immens gutt gegléckt. Wien elo mengt, dat Buch wier vun dem Thema hier allze dréchen, deen huet sech awer elle geiert, well de Roland Meyer huet Humor, hie kennt d'Schoul, d'Schoulmeeschteren, d'Kanner an hir Elteren aus Erfarung.

A sengem éischte Kannerbuch weist hie sech als gudden Erzieler, deen och gläich vill Leit duerch seng Aart a Weis ze schreiwen, begeeschtere konnt, sou datt d'Buch och e Bestseller gouf. Ufank Abrëll 2001 koum déi 2. Oplo eraus, obschonn déi 1. Oplo fir lëtzebuergesch Bicher net grad kleng war. Enn 2008 ass dat Buch nach ëmmer sou aktuell, datt mer och nach eng 3. Oplo erausginn hunn. Mä e Sponsor fir Kultur – jo, dat gëtt et! –, deen e gudde Präis iwwerhaapt méiglech mécht, an eng flott an aktuell Geschicht sinn haut och nach Argumenter, déi iwwerzeegen, sou datt dëst Buch och schonn a ville Schoulen, besonnesch am 5. oder 6. Schouljoer eng präiswäert Lektür ass.

Am Fréijoer 2002 ass den zweete Kannertheater-Roman Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) bei Op der Lay erschéngen. Am Juni 2003 da bei Op der Lay dem Roland Meyer säin drëtte Kannertheater-Roman Iwwer der Leeder (2. Oplo). Och do spillt de Philippe mat senger Famill eng Haaptroll.

Enn 2004 ass dann och e Kannerbuch fir erwuesse Leit vun dësem Auteur bei Op der Lay erschingen: Den décken dommen Dudu (2. Oplo).
Am Fréijoer 2006 koum Mission Geheimer Stollen, e spannend Jugendbuch op Däitsch bei Op der Lay eraus.
2007 ass Mango Panda erauskomm, mat dem Ënnertitel Gëtt et Léift mat 12 Joer?
Am Fréijoer 2009 koum Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.
Enn 2011 huet Op der Lay Muedebëtzeg, e Roman fir Erwuessener vum Roland Meyer erausginn, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.

 


Auszuch aus Eng Foto vum (Klëppel)Krich:

A wat ass dann dat do? Wou kënnt dee komesche Geroch hier? Dat richt, wéi wann eppes verbrannt wier! Wéi de Wand flitzen ech duerch d'Kichen. Ech kucken ënnert dem Dësch, nees an der Spëndchen, beim Dreckseemer ënnert dem Spullsteen, mee näischt néierens brennt et. An trotzdem gëtt de Geroch ëmmer méi staark! Ech kucken nom Couscous, mee dee gesinn ech bal net méi; déi ganz Kachmaschinn ass an enger riseger Dampwollek verschwonnen. Ausser mir rudderen ech mat den Hänn an deem Niwwel, bis ech schlussendlech d'Kachdëppen op der Ueweplack fonnt hunn. An elo begräifen ech och, wat esou verbrannt richt: ech hat eng Seibecken aus Plastik geholl, a wéi d'Waasser du ganz verkacht war, ass de Plastik geschmollt. An elo brutzelt en op der gliddeg rouder Ueweplack a gëtt ëmmer méi schwaarz.Séier schëdden ech déi pecheg Grimmelen an de Waassersteen, schalten d'Kachmaschinn aus a schëdden e Glas Waasser iwwert déi verbrannte Plack, fir datt de Plastik net sollt abrennen. Mee elo muss ech op d'Zooss oppassen, well déi spruddelt elo scho verdächteg. Ech schëppen e bëssen dier rouder Britt op mäi Läffel, fir ze schmaachen, ob d'Zooss nach net fäerdeg wier. Mmmmm, déi ass nawell guer net esou schlecht! Just d'Pois chiches sinn nach ëmmer knuppenhaart! Nondikass! A wéi soll ech déi dann elo an enger halwer Stonn, bis d'Eltere kommen, mëll kréien? Do hunn ech och schonns eng vu menge genialen Iddien. Ech huelen de Mixer a fänken un, dee ganze Buttek ze muelen. Hätt ech dat nëmme net gemaach! Déi haart Jicke schéisse wéi d'Kugelen aus der Flënt duerch d'Kichen. Déi eng geréit d'Bir vun der Luucht, déi direkt an dausend Schierbelen zerbrécht, eng aner land am Aquarium a gëtt vun eisem Goldfësch geschléckt, dien zwee Deeg drop dorunner stierft, an déi drëtt jo, déi drëtt schréipst dem Papp seng Glatz, well just an dësem onglécklechen Abléck meng Elteren heemkommen. Ma deen Zodi kënnt dir iech virstellen!Während diem ganzen Iessen – et goufe Botterschmieren an de Rescht Gouda jeune – hunn ech kee Wuert gesot, an ech war frou, wéi meng Mamm mir am Bett iewer nach eng Gudde-Nuecht-Geschicht virgelies huet. Wéi ech hir dunn alles gezielt a mäi verletzte Fanger gewisen hat, huet si gemengt, ech hätt mech nach guer net esou schlecht gehalen."Mamm, mar kréie mir en neie Schüler! En heescht Bujar Murenovic an en ass e Kosovo-Albaner."Nodenklech huet meng Mamm mir e Kuss ginn, a wéi si aus dem Zëmmer gaang ass, sot si: "Dann hu mir dier also och elo!"Dobaussen am Gank huet si mäi Papp ugestallt, d'Garagepaart zouzespären. Si mécht dat all Owes, well mäi Papp dat all Dag vergësst, mee haut weess ech net, wéi hir dës Wierder gemengt waren.

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro