Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

Dësen Artikel bewerten:
(18 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannertheater-Roman

illustréiert vum Renée Weber

Op der Lay 524
2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

ISBN 978-2-87967-093-5

7,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Dem Kinnek säi Gaart ass dat zweet Buch fir Kanner vum Roland Meyer. De Roland Meyer ass Schoulmeeschter an 2000 ass dat Stéck als Kannertheater mat engem immens grousse Succès opgefouert ginn. Grad wéi a sengem éischte Buch Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo) huet de Roland Meyer ëm dëst Theaterstéck e Roman geschriwwen, wou eng Schoulklass grad dëst Stéck prouwe soll, wéi de Philippe een neie Kolleeg fënnt, dee vun e puer aus der Klass erpresst gëtt. Dobäi komme fir dem Philippe seng Famill och nach Problemer mat der Bomi, well déi ganz krank ass. Mä och dëst Buch huet de Roland Meyer mat vill Humor geschriwwen, hie kennt d'Schoul, d'Schoulmeeschteren, d'Kanner an hir Elteren aus Erfarung an hie weess, datt et ausser deenen onerfreeleche Momenter dach nach e ganze Koup lëschteg Afäll an der Schoul an am Liewe ginn.

Och a sengem zweete Kannerbuch weist hie sech als immens gudden Erzieler, deen zënter sengem éischte Buch, wat an der zweeter Oplo bei Op der Lay virläit, vill Leit duerch seng Aart a Weis ze schreiwen, begeeschtere konnt. Och hei muss een nach eemol op den Erfolleg vum Kultursponsoring hiweisen, deen e gudde Präis iwwerhaapt méiglech mécht. Dëst Buch ass dann och grad wéi dat éischt Buch e ganz interessant Lektürsbuch fir z.B. déi 5. oder 6. Schouljoeren ginn, well et wierklech präiswäert ass, soudatt mol kee Joer do der 1. Oplo schonn eng zweet huet missen nogedréckt ginn.

Am Juni 2003 koum dat 3. Buch vum Philippe senge Gechichten ënnert dem Titel Iwwer der Leeder (2. Oplo) eraus, wat och e Bestseller gouf.
Enn 2004 huet Op der Lay och nach e Kannerbuch fir erwuesse Leit vum Roland Meyer publizéiert: Den décken dommen Dudu (2. Oplo).
Am Fréijoer 2006 koum Mission Geheimer Stollen, e spannend Jugendbuch op Däitsch, bei Op der Lay eraus, wat grad wéi déi aner Bicher vum Roland Meyer direkt e Bestseller gouf.
2007 ass da Mango Panda erauskomm, mat dem Ënnertitel Gëtt et Léift mat 12 Joer?
Am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.
Enn 2011 huet Op der Lay Muedebëtzeg, e Roman fir Erwuessener vum Roland Meyer erausginn, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.


Auszuch aus Dem Kinnek säi Gaart:

Mir sinn ëmmer gären op Ierweldeng bei d'Bomi op d'Kiermes gefuer. Do krute mir zerguttst Kiermessuen, an da mëttes, wann déi Grouss op der Mëttesrascht louchen, well se ze vill giess a gedronk haten, da si mir op d'Schoulplaz bei de Kiosk gaangen. D'Knuppautoen hunn eis net esou interesséiert, mir wollten op d'Schéissbud.
Iwwer dem Won stung «Tir Roger», a Roger huet och de Meeschter vun all diene Flënte geheescht. Hie war een eeleren Här, mat enger bloer Kap op, enger «Texasbox», wéi meng Bomi ëmmer fir eng Jeans sot, an ëmmer engem Zigarestomp am Mond. Hien huet eis schonns gutt kannt, an dacks, och wann déi wäiss gipse Päif nach net ganz ofgeschoss war, huet hien eis de Kaddo an d'Hänn gedréckt. Hien huet och esou gutt Affäre mat eis gemaach!
De Crouton, mäi Brudder, huet vill besser geschoss wéi ech. Ech hunn dat ni verstan! Hie war e Kapp méi kleng wéi ech, an iewer hat hien eng gipse Päif mat dräi Schëss erof. Ech hunn da nees fir eng gesond Moyenne gesuergt: ënnert siwe bis aacht Schëtz war bei mir näischt dran. Haut de Mëtteg waren net vill Leit op der Kiermesplaz. Mir hunn eis kuerz d'Knuppautoen ugekuckt, et waren dëst Joer nees déi selwecht wéi d'lescht Joer, mee séier stunge mir virum Roger senger Bud.
Hien huet eis schonns gewénkt, wéi en eis erbléckst huet. An doriwwer ware mir houfreg: mir hunn zu diene gehéiert, déi de Roger besser kannt hunn!
«Ah Männer, sidd der erëm bei der Bomi op Kiermesbesuch!»
«Ech hätt gäre fir 300 Frang Munitioun», sot de Crouton ouni sech laang opzehalen. Hien hat doheem schonns vun diem Bayern-München-Petzi geschwat, dien hien haut onbedéngt «erofbaatsche» wollt.

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro