Roland Meyer: Iwwer der Leeder

Dësen Artikel bewerten:
(15 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannertheater-Roman

illustréiert vum Renée Weber

Op der Lay 527
2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

ISBN 978-2-87967-103-1

7,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

Iwwer der Leeder ass dat elo schonn dat drëtt Buch fir Kanner vum Roland Meyer. De Roland Meyer ass Schoulmeeschter an 2002 ass dat Stéck als Kannertheater mat engem immens grousse Succès opgefouert ginn. Grad wéi a sengen zwee Bicher virdrun Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo) an Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) huet de Roland Meyer ëm dëst Theaterstéck e Roman geschriwwen, wou d'Schoul mol eng manner grouss Roll spillt, mä dem Philippe seng Famill op enger Vulkaninsel Vakanz mécht. Nodeem et scho schwéier genuch war, fir iwwerhaapt nach de Fliger ze kréien, kéinnt et eng richteg Erhuelung sinn, wann net nach zimlech vill passéiere géif an do mécht de Philippe no enger richteger Detektivaarbecht eng Entdeckung, déi leider guer net sou erfreelech ass. Mä loosst Iech iwwerraschen!Och säin drëtt Kannerbuch huet erëm eng ganz Parti Kanner (an Erwuessener) begeeschtert, well de Roland Meyer net einfach do weiderschreiwt, wou en am leschte Buch opgehalen huet, mä bei all Buch mat neien Afäll an enger neier Problematik kënnt, déi ganz aktuell ass. 2006 läit och Iwwer der Leeder grad wéi déi aner Geschichte vu Philippe an 2. Oplo vir. Weise mer och hei nach eemol op de Kultursponsoring hin, deen e gudde Präis iwwerhaapt méiglech mécht.

Enn 2004 huet de Roland Meyer och bei Op der Lay e Kannerbuch fir erwuesse Leit erausginn: Den décken dommen Dudu (2. Oplo). Onbedingt mol do raliesen :-)
2006 koum och nach bei Op der Lay vun him e spannend Buch fir Jonker op Däitsch eraus: Mission Geheimer Stollen, wat och direkt e Bestseller gouf.
2007 ass da Mango Panda erauskomm, mat dem Ënnertitel Gëtt et Léift mat 12 Joer?
Am Fréijoer 2009 koum nach Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (2. Oplo) dobäi.
Enn 2011 huet Op der Lay Muedebëtzeg, e Roman fir Erwuessener vum Roland Meyer erausginn, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.


Auszuch aus Iwwer der Leeder:

Nach eng Kéier huet de Papp ëm sech gekuckt, dono huet hien de Kapp gerëselt an ass opgesprong: «Dat do geet dach net! Maach, dass du elo direkt dat Meedche lassléiss!» Mat grousse Schrëtt ass hien déi zwanzeg Meter bis bei d'Waasser gelaf. An och ech war just e puer Schrëtt hannert him. De Jong hat sech elo hanner d'Meedche gestallt an en huet em den Aarm hanner dem Réck verdréint. D'Meedchen huet vu Péng gekrasch.
An diem Moment huet de Jong eis komme gesinn. Hien huet op eis gekuckt, a sengem Gesiicht huet een e Laachen erbléckst, dunn huet hien d'Meedche lassgelooss a sech aus dem Stëbs gemaach. De Papp an ech sinn ongeféier 5 Meter virum Meedche stoe bliwwen. Hatt hat keng Tréinen an den Aen. Hatt huet mech bekuckt, wéi wann him ep-pes ging Leed doen. Et ass mir immens laang virkomm. Esou hat nach ni e Meedche mech bekuckt.
Mäi Papp huet elo e puer Schrëtt op hatt duer gemaach: «Huet hien dir wéi gedoen?», huet hie gefrot. Bei dëse Wierder huet d'Meedchen d'Schëllere gehuewen – a schwupps – war et fort. Esou séier wéi de Blëtz war et verschwonnen!
Mäi Papp an ech mir stungen nach e Moment do; allebéid hu mir guer näischt méi verstanen. Wat war dat do? Hate mir gedreemt oder war et Wierklechkeet. Hat d'Sonn eis schonns esou duerchernee gemaach?
«Elo gi mir och!», sot de Papp op eng Kéier, an eréischt elo ass et mir opgefall, datt et an der Zwëschenzäit ganz roueg um Strand gi war, onheemlech roueg.
«Loosse mir emol kucken, wéi et dem Crouton geet!» Elo hunn ech nees un de Crouton geduecht. Ech hat hie ganz vergiess. Séier si mir bei eis Bueddicher gelaf an hunn alles zesummegeraumt. Wéi mir goe wollten, hu mir gesinn, datt der Mamm hir Posch net méi do war. Si war einfach verschwonnen!

 

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro