Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

Dësen Artikel bewerten:
(31 mol ofgestëmmt)

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch

Op der Lay 542
2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

ISBN 978-2-87967-159-8

12,90 €uro


Am Webshop vun Op der Lay kafen

De Roland Meyer ass mëttlerweil ee vun deene wichtegstens Auteuren an der lëtzebuergescher Kannerliteratur. Schliesslech gi seng Bicher mëttlerweil vun Dausende Kanner a Jonker gelies: Nom grousse Succès vun Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo), Iwwer der Leeder (2. Oplo), Den décken dommen Dudu (2. Oplo), Mission Geheimer Stollen a Mango Panda huet hien an dësem Buch un déi nach méi kleng Kanner, sou ongeféier am 3. oder 4. Schouljoer, geduecht an hinnen och eng immens flott a spannend Geschicht an eiser Sprooch geliwwert. Och dëst Buch ass elo schonn an der 2. Oplo do.
Weider koum Enn 2011 nach e Roman fir Erwuessenener vum Roland Meyer bei Op der Lay eraus: Muedebëtzeg, deen och zum Bestseller gouf, well 2012 koum eng zweet Oplo eraus.

De Barry Lee ass e Jong aus Schottland, deen hei zu Lëtzebuerg liewt an no sengem Papp verlaangert. Well de Barry weess, datt säi Papp e berühmte Piratekapitän a fir zéng Joer op enger wichteger Missioun an Uruguay ass, wëllt hien e mat sengem beschte Frënd, dem Pit, dohinner besiche goen. Wéi eng Expeditioun se dann do duerchzéien a wéi déi ausgeet, dat liest der awer besser selwer an dësem spannende Buch!


Auszuch aus Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen (8. Kapitel):

Wéi de Barry Lee fäerdeg war, sot de Pit: «Komm, mir fueren iewer an Uruguay.»
De Barry Lee huet de Pit traureg ugekuckt: «Firwat wëlls du onbedingt an Uruguay?»
«Barry Lee, du bass zwar mäi beschte Frënd, mee heiansdo mengen ech, du häss se net méi all!»
«Hein!???»
«All normaalt Kand besicht heiansdo säi Papp. Kuck, meng Eltere si gescheed, an ech ginn all zwou Wochen eng Kéier mäi Papp besichen. Soss ging ech jo ze vill no him verlaangeren. An hien no mir. Dofir muss een sech heiansdo gesinn. Esou ass dat!»
«Ech verlaangeren ni no mengem Papp, ech weess jo, wou hien ass», sot de Barry Lee mat ganz lueser Stëmm.
«Gewass! Dat kanns du mir net ophänken. All Mënsch verlaangert, fäerdeg! A wat mengs du dann, firwat dass du déi ganz Nuecht net geschlof hues?»
«Dat war den Arch! Dien huet mech net schlofe gelooss!»
«Mir brauchen e Schëff!»
«E Schëff?»
«Natierlech, e Schëff! An da fuere mir eebe mat dem Schëff an Uruguay däi Papp besichen. Ech wollt ewell ëmmer eng Kéier e richtege Piratekapitän kenneléieren, a fir dech, Barry Lee, ass et dat Normaalst vun der Welt, dass du däi Papp no esou laanger Zäit eng Kéier besiche gees.»
Dat war logesch an huet dem Barry Lee ageliicht.
«Dann hu mir elo just nach ee Problem», sot de Pit, «an dat ass, wou mir esou ee Schëff hierkréien!»
Mee do war de Barry Lee schonns ënnerwee. Si sinn an de Keller geschlach an hunn do der Mamm hire grousse Rucksak mat folgende Géigestänn gefëllt: eng Aaxt mat engem laange Still an eng Aaxt mat engem kuerze Still, en Hummer an eng See, Neel, Seeler an al Bettdicher. Si hunn de Rucksak dono zwar net méi gepackt, mee zu zwee hu si e kënnen iwwer de Buedem schleefen. Mam Rucksak hu se sech dunn op de Wee an de Park gemaach, net wäit ewech vum hëlzene Pirateschëff, an diem d'Kanner kënne spillen.
Wéi se do ukoumen, waren se allenzwee schonns zimlech dätsch.

Weider Bicher vum Roland Meyer:

  • Roland Meyer: Zikelalarm

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg

    Fotoe vum Claude Sibenaler

    Op der Lay 179

    2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten

    ISBN 978-2-87967-206-9

    9,90 €

  • Roland Meyer: Roughmix

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman

    nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

    Servais-Präis 2015

    Op der Lay 175

    2014, 320 Säiten

    ISBN 978-2-87967-197-0

    16,90 €

  • Roland Meyer: Muedebëtzeg

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Roman
    Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Literatur)

    Op der Lay 167

    2011, 2. Oplo 2012, 3. Oplo 2014, 224 Säiten

    ISBN 978-2-87967-178-9

    14,90 €

  • Roland Meyer: Den décken dommen Dudu

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch fir erwuesse Leit

    Op der Lay 141

    2004, 2. Oplo 2008, 3. Oplo 2013, 4. Oplo 2015
    128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-115-4

    9,90 €uro

  • Roland Meyer: Mission Geheimer Stollen

    Sprache: Deutsch
    Jugendbuch

    Op der Lay 534
    2006, 144 Säiten

    ISBN 978-2-87967-129-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannerbuch

    Op der Lay 542
    2009, 2. Oplo 2010, 154 Säiten, mat haarden Deckelen

    ISBN 978-2-87967-159-8

    12,90 €uro

  • Roland Meyer: Iwwer der Leeder

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 527
    2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten

    ISBN 978-2-87967-103-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Dem Kinnek säi Gaart

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 524
    2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten

    ISBN 978-2-87967-093-5

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Eng Foto vum (Klëppel)Krich

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Kannertheater-Roman

    illustréiert vum Renée Weber

    Op der Lay 520
    2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008, 144 Säiten, Paperback

    ISBN 978-2-87967-075-1

    7,90 €uro

  • Roland Meyer: Mango Panda

    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Gëtt et Léift mat 12 Joer?
    Roman fir jonk Leit

    Op der Lay 537

    2007, 128 Säiten

    ISBN 978-2-87967-138-3

    7,90 €uro