Robert Gollo Steffen

Congé

Sprooch: Lëtzebuergesch Prosa
Op der Lay 101 1987, 128 Säiten
ISBN 978-2-87967-000-3 vergraff / out of print

Eigentlech huet mat dësem Buch de Verlag Op der Lay ugefaang, well et war 1987 fir d'éischte Kéier eng Publikatioun ënnert dësem Numm erauskoum.

Congé a Prospekt sinn zwou Erzielongen, déi hei zu Lëtzebuerg spillen an ëm d’Thema «Vakanz» dréinen.

Congé krut eng Mentioun am Nationale Literaturconcours 1986

De Robert Gollo Steffen huet mëttlerweil all Bicher vum Verlag Op der Lay erausginn. Mir wëlle se awer elo hei net all opzielen, mä just op «seng» Bicher hei nach hiweisen:

dat lest, Amerika läit just viroan Ëlwen, der himmel auf erden, aschlofen ënnert engem roude stärenhimmel

an natierlech och op seng CDen:

Vum Lämmes gebass, 60110, Kaddo an Eng laang Strooss an 2007 koum live & lieweg eraus, e Live-Matschnëtt vun engem Concert an der Rockhal zu Esch.


Vill weider Informatiounen, Biller an Texter vum Gollo fannt Dir op senger Homepage www.gollo.lu.

De Robert Gollo Steffen schreift e gutt Lëtzebuergesch mat Wëltzer Aschlag. Eis Sprooch


Auszoch aus Congé

Vun 3 Auer un huet bestëmmt kee méi an der Firma eppes geschafft. De Congé war praktesch schonns un. E kollektiven. Näischt mat aushëllefen. De Buttik zou a fäerdeg. An an 3 Woche rëm lass.
A wann et der net passt, da sich der eng aner. De Marcel huet jo bal jhust lo méisste fueren. Nët datt d'Zäit schlecht geweelt war. Well vill Commande sin och nët rakomm. Dat grousst Lach an der Summerzäit. An da waren der vill frou, fir fueren ze kënnen.
Ëm 1/4 vir 5 si se bal op d'Parkplaz an d'Autoe gerannt wéi d'Schoulkanner an d'10-Auer-Paus. Wech! Wech!
Eigentlech war heen ee vun deene leschten, déi rauskoumen. Op jhidde Fall war d'Parkplaz schonn ellen eidel. Heen huet säi Won opgespaart. De Motor virgegléit. Am Auto war eng Hëtzt fir futti ze gon. D'Fënster op, de Motor un, ugestéckt a fort. Mä wouhin?
Heen as e puer Mol ëm de Block gefuer. Jhust sou. 't huet ausgesinn, wéi wann en eng Parkplaz géif sichen. A Wiirklechkeet huet en eng Plaz gesicht, fir d'Vakanz doutzeschloen. Knapps gebuer, war se onerwënscht. Eppes Iwwerflësseges. Wann ee bedenkt, datt een do drop lauert. Op dee grousse Moment. An dann as do e Lach, dat kee Sënn ergët. Wann een nët plange kann. Wéi heen. All déi aner fort. Ouni Äddi ze son. Oder bal. Raus. A fir 3 Wochen näischt méi vun der Luxufu. Jo verréckt ware se all.

[dat lest] [Amerika läit just viroan Ëlwen] [der himmel auf erden] [aschlofen ënnert engem roude stärenhimmel]
[Vum Lämmes gebass] [live & lieweg] [60110] [Kaddo] ]Eng laang Strooss] [Bicher / Books 7] [Home]