Renée Weber |
D'Ann Spann an de Rolfi Raup |
| faarweg illustréiert vum Renée Weber | Kannerbuch |
| Op der Lay 508 | 1996, 2. Oplo 1999, 3. Oplo 2004, 4. Oplo 2010 80 Säiten, haard Deckelen |
| ISBN 978-2-87967-032-4 | 14,90 € |
Mëttlerweil ass dëst Kannerbuch schonn zënter Joeren e Bestseller, an elo ass et an der véierter Oplo. An dëst Buch gëtt bei de Kanner ëmmer nach méi beléiwt. Fir Elteren, déi hire Kanner tëschent 4 an 10 Joer eng Geschicht mat flotte Biller wëlle virliesen, ass d'Ann Spann mat Sécherheet e gudden Tip. Fir dës Neioplo sinn d'Biller nach eemol ganz nei nom leschten technesche Standard opgeholl ginn, sou dass d'Faarwen nach besser erauskommen. Soss hu mer näischt brauchen ze änneren, well déi flott Illustratiounen an de spannenden Text schonn dofir suergen, datt dëst Buch sou dacks gelies gëtt.
D'Renée Weber huet d'Illustratioune fir op Deckelsäite vu de Bicher vum Robert Gollo Steffen, Rolph Ketter, Jean-Michel Treinen, Romain François an anerer fir de Verlag Op der Lay gemoolt. Dat éischt Kannerbuch op Däitsch bei Op der Lay Sage nicht immer Mama zu meiner Mama vum Fernand Muller-Hornick huet hatt dunn och faarweg illustréiert. Doraus huet sech du bei eisem éischte Kannerbuch op Lëtzebuergesch, dem Muschkilusch, eng Zesummenaarbecht mam Auteur Guy Rewenig entwéckelt, sou datt d'Renée Weber och déi éischt 8 Oploe vun deem Buch, wat sou een immense Bestseller zu Lëtzebuerg gouf, illustréiert hat. Och fir aner Kannerbicher vum Guy Rewenig wéi den Zebra Tscherri oder de Schallümmo huet d'Renée Weber d'Illustratioune gezeechent. D'Renée Weber huet och nach weider Bicher illustréiert, z.B. d'Erzielunge fir Kanner Kuul Lisi (wat och lo schonn e Bestseller an an der 2. Oplo ass) a Pirik der Clown vum Danielle Frières, dem Roland Meyer seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich, Dem Kinnek säi Gaart an Iwwer der Leeder (nach e puer Bestseller!) oder fir déi grouss Kanner hannerwëtz mat bireschnëtz vum Roger Manderscheid.
Beaflosst vu sengen eegene Kanner Eric a Patrick huet d'Renée Weber dunn déi léiw Geschicht vum Ann Spann an dem Rolfi Raup erfonnt, déi fir éischter méi kleng Kanner geduecht ass. Natierlech huet hatt se och selwer faarweg illustréiert.
Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: Alles wéinst dem Willi Wull. Wann d'Buch D'Ann Spann an de Rolfi Raup Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn. Iwwregens ass och dëst Buch e Bestseller an natierlech och schonn an der 3. Oplo!
Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat neit faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien (2. Oplo). Dëst Buch ass och op Däitsch Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen (2. Auflage) an op Franséisch ze kréien Mouhna Lisa ou le rêve de voler (2e édition).
2007 ass Wou ass de Sam? erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf.
2009 krut d'Renée Weber fir säi Buch Dem Klenge Felix seng grouss Rees de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kannerbicher, wat och schonn an 2. Oplo virläit.
Ufank 2010 ass dat neit Kannerbuch Bommel erschéngen an ass ganz séier op déi national Bestsellerlëscht komm.
- «Bass de erëm amgaang ze dreemen, Ann?», huet seng Mamm gefrot. «Aus dir gëtt ni eng richteg Spann.»
- «Eng richteg Spann, wat ass dat iwwerhaapt?», denkt d'Ann. «Sinn dat nëmmen déi, déi ëmmer an éiweg déi selwecht fad Netzer bauen? A wann een da mol en Netz a Form vun enger Wollek oder enger Blumm baut, ass een da keng richteg Spann?»
- D'Ann wollt seng Mamm dat mol froen, mee déi war scho rëm amgaang, un hirem Netz ze fréckelen.
- D'Ann hat dees fir haut genuch. Hatt verdréckt sech séier ganz no uewen an déi iewescht Blieder vum Bam.
- Da baut et sech eng fantastesch Hängematt. Well et ass net sou, datt d'Ann iwwerhaapt näischt kann, hatt wëllt just dat net maachen, wat em glat a guer näischt seet.
- A senger Hängematt läit d'Ann am allerléifsten. De Wand schaukelt et duuss hin an hier, wann et de grénge Bliederplafong kuckt, deen iwwert him hänkt.
- Hatt mécht d'Aen zou a lauschtert just nach dem Dausche vun der Loft a vun de Blieder no.
- «Dat ass jo bal, wéi wann de Wand mer géif e Schloflidd sangen», denkt d'Ann nach, an dann ass et och schonn ageschlof.

[Dëst Buch kafen] [D'Ann Spann an de Rolfi Raup] [Alles wéinst dem Willi Wull] [Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien] [Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen] [Mouhna Lisa ou le rêve de voler] [Wou ass de Sam?] [Bommel] [Home] [zréck bei d'Kannerbicher] [Sage nicht immer Mama] [Kuul Lisi] [Eng Foto vum (Klëppel)Krich] [Dem Kinnek säi Gaart] [hannerwëtz mat bireschnëtz]