Zu Produktinformationen springen
1 von 2

Robert Gollo Steffen

aschlofen ënnert engem roude stärenhimmel as méi wéi geféierlech

aschlofen ënnert engem roude stärenhimmel as méi wéi geféierlech

Normaler Preis €17,20 EUR
Normaler Preis Verkaufspreis €17,20 EUR
Sale Ausverkauft
inkl. MwSt. Versand wird beim Checkout berechnet

Niedriger Lagerbestand

Produktdetails

  • Festschrift
  • 1. Oplo 1994
  • Hardcover, 160 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-021-8 | ODL 802
  • Sproochen:  Deutsch & Lëtzebuergesch & Français

E Buch fir de Roger Manderscheid zu séngem 60. Gebuertsdag

mat Bäiträg vu 15 Auteuren
mat 80 Zeechnunge vum Roger Manderscheid

De «Grand Old Man» vun der lëtzebuerger Literatur ass mat Sécherheet de Roger Manderscheid. Hien ass am Ausland ee vun deenen unerkanntesten Auteuren aus eisem Land, z.B. hunn de WDR, den SR, den SWF seng Hörspiller an däitscher Sprooch produzéiert. Säi moderne Roman die dromedare. stilleben für johann den blinden a seng lëtzebuerger Romaner, virun allem schacko klak, deen och verfilmt an och lo an d’Däitscht iwwersat gouf, gehéieren zum Beschten, wat eis modern Lëtzebuerger Literatur ze bidden huet. De Roger Manderscheid gouf och 1990 mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent, deen et nëmme fir e Liewenswierk gëtt.

A wat louch méi no, fir dem Manderscheids Rosch seng 60 Joer eng Festschrëft erauszeginn, wou déi bekannte lëtzebuerger Auteuren Pol Greisch, Josiane Kartheiser, Guy Rewenig, Georges Hausemer, Anise Koltz, Josy Braun, René Clesse, Michel Raus, Robert Gollo Steffen, Jean-Paul Jacobs, Jean-Michel Treinen, Roger Schiltz, Germaine Goetzinger, Cornel Meder, Margret Steckel Rezensioune vu senge Bicher, Widmungen a witzeg Gléckwënsch zesummegedroen hun. De Robert Gollo Steffen huet dat Buch erausginn, an en huet all déi Texter nach eemol mat 80 Zeechnunge vum Roger Manderscheid illustréiert. Well deen Auteur ass och e ganz talentéierte Moler an Zeechner, wéi eng ganz Parti vu Buchdeckelen aus der lëtzebuerger Literatur beweisen.

Wien dem Roger Manderscheid säi Wierk besser verstoe wëll, soll sech dëst Buch mol ukucken, mä och wie mol eppes Lëschteges iwwert dem Rosch säin Afloss op eng ganz Rei vu méi jonke Schrëftsteller zu Lëtzebuerg gewuer wëll ginn!

Vollständige Details anzeigen
  • Kostenloser Versand ab 29- €

    Du wohnst in Luxemburg? Profitiere vom kostenlosen Versand ab einem Warenkorbwert von 29- €. (Du wohnst außerhalb Luxemburgs? Kein Problem, für dich ist der Versand kostenlos ab 40- €) Mehr Informationen findest du hier.

  • Sicher und einfach bestellen

    Bezahle mit dem Bezahldienst deiner Wahl. Wir akzeptieren eine große Auswahl an Kreditkarten, Apple Pay und PayPal um dir das Einkaufen in unserem Shop so bequem wie möglich zu machen.

  • Unser gesamter Katalog aus über 30 Jahren Verlagsarbeit

    Du kaufst direkt beim Verlag ein und hast alle unsere Bücher aus über 30 Jahren Verlagsarbeit zur Auswahl. Öfter vorbeizuschauen lohnt sich, denn wir bieten ab und zu Rabatte an! Abonniere den Newsletter, um immer auf dem Laufenden zu bleiben.