Zu Produktinformationen springen
1 von 1

Lewis Caroll

D’Alice am Wonnerland

D’Alice am Wonnerland

Normaler Preis €19,90 EUR
Normaler Preis Verkaufspreis €19,90 EUR
Sale Ausverkauft
inkl. MwSt. Versand wird beim Checkout berechnet

Auf Lager

Produktdetails

  • Kannerbuch
  • illustréiert vum Carole Meyer
  • Iwwersat vum Henry Wickens
  • 1. Oplo 2015
  • Haart Deckelen, 144 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-203-8 | ODL 553
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

Lewis Carroll: D’Alice am Wonnerland

an d’Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Henry Wickens
illustréiert vum Carole Meyer

De Lewis Carroll (mam richtegen Numm Charles Lutwidge Dodgson) (1832-1898) war Unisprof fir Mathematik zu Oxford. Hie war zwar Jonggesell an hat selwer keng Kanner, huet awer immens gär Geschichte fir d’Kanner vu senge Kolleegen verzielt. Eng vun deene Geschichten – fir d’Alice Liddell – huet hien 1865 ënnert dem Numm Alice in Wonderland publizéiert an domat de moderne Genre vun der Kanner-Fantasy-Literatur erfonnt.

Op engem waarme Summerdag gëtt d’Alice op der Bänk niewent senger eelerer Schwëster, déi e Buch liest, ganz schléifreg. Do kënnt e wäisst Kanéngche laanscht, wat seet, datt et ze spéid kéim an dobäi op seng Täschenauer kuckt. Sou eppes gesäit ee jo net all Dag an d’Alice gëtt virwëtzeg a geet dem Kanéngchen no, wou et ëmmer méi déiw duerch e Schacht eroftrëllt, bis et an engem Sall mat villen zouenen Dieren ass. Wat alles am Wonnerland passéiert, wou et awer eng ganz Parti wonnerbar a verwonnerlech Déieren a Persoune kenneléiert, muss ee scho selwer liesen.

Den Henry Wickens huet et wonnerbar fäerdegbruecht, erëm ee vun den englesche Kannerbuchklassiker an d’Lëtzebuergescht ze iwwerdroen, wat bei deene ville logeschen an onlogesche Wuertspillereien natierlech eng richteg Erausfuerderung war.

Vollständige Details anzeigen
  • Kostenloser Versand ab 29- €

    Du wohnst in Luxemburg? Profitiere vom kostenlosen Versand ab einem Warenkorbwert von 29- €. (Du wohnst außerhalb Luxemburgs? Kein Problem, für dich ist der Versand kostenlos ab 40- €) Mehr Informationen findest du hier.

  • Sicher und einfach bestellen

    Bezahle mit dem Bezahldienst deiner Wahl. Wir akzeptieren eine große Auswahl an Kreditkarten, Apple Pay und PayPal um dir das Einkaufen in unserem Shop so bequem wie möglich zu machen.

  • Unser gesamter Katalog aus über 30 Jahren Verlagsarbeit

    Du kaufst direkt beim Verlag ein und hast alle unsere Bücher aus über 30 Jahren Verlagsarbeit zur Auswahl. Öfter vorbeizuschauen lohnt sich, denn wir bieten ab und zu Rabatte an! Abonniere den Newsletter, um immer auf dem Laufenden zu bleiben.