Zu Produktinformationen springen
1 von 1

René Hübsch

Den Zoufall huet matgespillt

Den Zoufall huet matgespillt

Biographesch-Historesches 1937-2015

Normaler Preis €29,90 EUR
Normaler Preis Verkaufspreis €29,90 EUR
Sale Ausverkauft
inkl. MwSt. Versand wird beim Checkout berechnet

Auf Lager

Produktdetails

  • Monographie
  • 1. Oplo 2017
  • Haart Deckelen, 312 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-222-9 | ODL 823
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

Monographie vum René Hübsch

Et ass sécher en Zoufall, datt de Verlag Op der Lay bannent kuerzer Zäit zwou Autobiographie kann erausginn, an zwar 2016 „E Liewensulaf” vum Jean-Paul Hurt an elo dëst Joer „Den Zoufall huet matgespillt” vum René Hübsch, woumat scho praktesch dee Buchtitel confirméiert gëtt. Béid Auteuren hunn hir Geschicht opgeschriwwen, well hir Kanner méi iwwert déi Joere wësse wollten. Si hunn als Professer enseignéiert a sinn och am selwechte Joer gebuer. Mä soss ass hiert Liewe ganz ënnerschiddlech verlaf.
Well mir an dëse Bicher awer och déi Joerzéngte matkréien, wéi aus Lëtzebuerg dat Land ginn ass, wou mir haut dra liewen, menge mir bei Op der Lay, dass déi Bicher ganz gewëss bei ganz ville Leit e sëllechen Erënnerungen opliewe loossen an dobäi och e geschichtlechen Abléck an déi Joere ginn.

Sou huet de René Hübsch säi wierklech interessant Liewe kuerz zesummegefaasst:
Kannerzäit am Krich, Pri­mär­schoul zu Ettelbréck, 7 Joer am Kolléisch zu Dikrech, Stu­dien an der Stad an op der Sor­bonne zu Paräis, Mi­li­tär­déngscht um Härebierg, Stage an e puer Joerzéngten als Proff an Directeur adjoint am LCD, Veräinsliewen zu Ettelbréck, Bau­en a Wun­nen zu Angelduerf, Ge­men­ge­politik zu Ierpeldeng, 10 Joer Asaz an der Chamber an am NATO-Parlement, am Edu­ca­tiounsministère d’Re­form vun der Er­wues­se­ne­bil­dung a schliiss­lech eng ganz ak­tiv Pen­sioun.

Dozou ass d’Buch mat ville Fotoen aus dem Auteur sengem Privatarchiv illustréiert.

Vollständige Details anzeigen
  • Kostenloser Versand ab 29- €

    Du wohnst in Luxemburg? Profitiere vom kostenlosen Versand ab einem Warenkorbwert von 29- €. (Du wohnst außerhalb Luxemburgs? Kein Problem, für dich ist der Versand kostenlos ab 40- €) Mehr Informationen findest du hier.

  • Sicher und einfach bestellen

    Bezahle mit dem Bezahldienst deiner Wahl. Wir akzeptieren eine große Auswahl an Kreditkarten, Apple Pay und PayPal um dir das Einkaufen in unserem Shop so bequem wie möglich zu machen.

  • Unser gesamter Katalog aus über 30 Jahren Verlagsarbeit

    Du kaufst direkt beim Verlag ein und hast alle unsere Bücher aus über 30 Jahren Verlagsarbeit zur Auswahl. Öfter vorbeizuschauen lohnt sich, denn wir bieten ab und zu Rabatte an! Abonniere den Newsletter, um immer auf dem Laufenden zu bleiben.